Hei wielen!


    Zu de Blummen


Wat mir brauchen: En halleft DIN A4 Zeecheblat, e Bläistëft a Gouache-Faarwen aus eiser Molkëscht.

- Feld- a Wiseblummen
Bei de Blummen hate mir eis virgeholl nëmmen déi bekannt Feldblummen zréck ze halen: d' Karblumm, d' Patschblumm, d' Kamilleblumm ... .Virgeschloe war, ouni Hannergrond, d' Blumm sou reng wéi méiglech ze molen.Naass an naass sollt dat geschéien.

- Genee kucken
Genee ze kucke waren d' Blumm, de Still an d' Blieder.
Fir d' Blumm: hallefronn de Knapp, uewe bei der Kamilleblumm / hallefronn, ënne bei der Karblumm an der Patschblumm.

Weider fir d' Blumm, d' Blieder ronderëm de Kellech: onregelméisseg, flächeg bei der Patschblumm; laanggezunn, schmuel an um Enn gespléckt bei der Karblumm; e plattgedréckten, laangen Oval bei der Kamilleblumm.

Zum Schluss d' Blieder vun der Blumm: bei der Patschblumm éischter déif ageschnidden an zaart gerënnt; bei der Karblumm laang, lanzetteförmeg spatz a bei der Kamillen, ... reng buuschteförmeg.

- D' Fierwen
Waasser opdroen, d' Faarf dra verlaafe loossen, undréchne loossen, Plazen déi méi donkel solle sinn, mat Faarf nobehandelen. Eng besonnesch Nout gouf erreecht wa mat engem ganz renge Pinsel ( 0/1 ) d' Konture liicht nogezu gouwen.

Einfach a flott !



Zréck zum
HAAPTMENU