Wat mir brauchen: En halleft DIN A4 Zeecheblat, e Bläistëft a Molstëften. D' Virbereedung Un enger Foto sollte mir eis inspiréieren. Eng Haaptsaach ( Bud, Spill ) sollt an d' Mëtt, an zwou bis véier Saache wéi op enger Foto nëmmen deelweisgesi ginn, duerfir konnt een awer ganz gutt Eenzelheeten erkennen ( an domat gutt molen a gutt fierwen ). D' Faarwen Mir hunn hei am fënnefte Schouljoer och emol nees mat Molstëfte geschafft. Kleng Stécker ganz no beienee gemoolt ( keng wäiss Plaze loossen ). D' Resultat Molstëfte gebrauchen ass ëmmer intressant, besonnesch wann ee beim Schüler d' Erstaune gesäit ( iwwert déi schéin Zeechnungen déi een domat erreeche kann ). Bis deemnächst " Op der Schueberfouer ". |