Hei wielen!


    Zu de Formen


Wat mir brauchen: En halleft Zeecheblat, e Bläistëft a Molstëften.

- D' Virbereedung
Dës Kéier ass et einfach emol ëm bekannte geometresch Forme gaang. Mir hunn no eegener Wiel, sechs bis aacht Figuren ( Dräieck, Rechteck, Krees, Quadrat, Parallelogramm a Raut ), net ze kleng, op en halleft DIN A4 Zeecheblat anenee gemoolt. D' Figuren ginn net ze vill anenee gedretscht a sollen och e bëssche vum Bord ewech sinn.

- D' Fierwen
Gemoolt gouf mat Molstëften, kleng Strécher no beieneen, op d' Faarweminn e bësschen drécken ( d' Faarwe liichten da ganz schéin ! )Trick ! fir net iwwer d' Linnen ze " flutschen ": Ee Fanger vun der enger Hand op d' Begrenzungslinn halen, mat der anerer Hand molen.

- Den Hannergrond
Fir d' éischt d' Faarf fir den Hannergrond festleeën, dës Faarf däerf jo spéider net méi bei de Figure geholl ginn.

- D' Figuren
All Faarf déi bei de Figure benotzt gëtt, gëtt nëmmen innerhalb vun enger begrenzter Fläch gebraucht. Et war weider nach opzepassen dat keng zwee derselwecht Faarffelder unenee gestouss sinn.

Dës Zeechnung ass vum éischte bis d' sechst Schouljoer bei de Schüler gutt ukomm.


'T ass derwäert ze probéieren !



Zréck zum
HAAPTMENU