Wat mir brauchen: En halleft Zeecheblat DIN A4, e Bläistëft a Gouache-Faarwen aus der Fläsch. - Eng Figur auswielen e grousse Stär e grousst Quadrat e groussen Dräieck eng grouss onregelméisseg Form d' Blat als e Ganzt - D' Figur ënnerdeelen Mir hunn eng Senkrecht gemoolt, an hunn duerno e grousst Kräiz duerch d' Mëtt vun eiser Senkrechter gezeechent. Mir haten elo sechs +/- gläichgousser Wénkelen déi eis sechs Flächen ofgegrenzt hunn. - D' Faarf Fir net duercherneen ze geroden hu mir uewe riets ugefaangen: éischt Feld giel dann eent ausgelooss, drëtt Feld blo dann eent ausgelooss, schliisslech dat fënneft Feld rout dann eent ausgelooss. D' Faarwen dertëschent si vun de Schüler duerch probéieren a mëschen hiirgestallt ginn. - Schwieregkeet Besonnesche Wäert gouf drop geluecht, datt déi dräi Mëschtéin schéi propper waren. Dat war net ëmmer liicht, besonnesch wa fir blo mat rout ze mësche keng " Magenta rout " méi opzedreiwe war. O Jeminee, dat Kräiz mat däer mauver Mëschfaarf. - Trotzdeem Ganz geschéckt Kanner hunn et awer alt geschafft fir eng Etapp weider ze goen: aus deene sechs Felder der esouguer zwielef ze man, an d' Zwëschentéin gutt ze treffen.
|