Wat mir brauchen: En halleft DIN A4 Zeecheblat, e Bläistëft a Gouache-Faarwen aus der Molkëscht. D' Virbereedung All Schüler sollt d' Initiale vu sengem Numm a Virnumm grafesch duerstellen, en alen oder e moderne Stil wielen, vläicht mat engem dënne Rand ëmginn, dekoréieren, da nach d' Hannergrondfaarf passendzu de Buschstawe festleeën. Den Hannergrond Den Hannergrond gouf wéi ëmmer fir d' éischt gefierft. D' Buschstawen Nom Hannergrond gouwen d' Buschstawe faarweg gemoolt. De Schluss Elo eréischt ass d' Feinaarbecht erleedegt ginn; de schmuele Rand, dekorativ Elementer, asw. Vill Schüler hu bei der fäerdeger Zeechnung gestaunt ! Intressant déi Initialen ! |