Wat mir brauchen: En DIN A4 Zeecheblat, Bläistëft a Waasserfaarwen aus der Molkëscht. De Nico Klopp Et gouf iwwer de Nico Klopp geschwat. Seng Molerei gouf virgestallt ( als Hëllef hate mir e Katalog mat senger Molereien ). Spéider am Joer hu mir och seng Ausstellung am Musée besicht. Eis Wiel Mir haten eis eng Vue op der Musel am Hierscht erausgesicht. Eng e bëssche melancholesch Stëmmung am Bild, eng friddlech Idyll. Beem déi sech an der Musel spigelen. D' Konstruktioun Eng waagerecht Linn, e bëssche vun der Mëtt aus no ënne versat. Fënnef bis sechs Beem ( ouni Blieder ) an dem ieweschten Deel. Zwou S-Kéieren déi vun der Mëtt no vir am Bild ëmmer méi breet ausenee ginn ( d' Musel ). Déi iewescht Beem déi sech am Waasser spigelen. Fir d' Hierscht-Stëmmung ze schafen hu mir all méiglech Téin vun hellbeige, hellbrong, mëttelbeige, mëttelbrong, donkelbeige, donkelbrong, giel mat beige an esouguer schwaarz asw. benotzt. Vill verschidde Faarftéin mësche gouf separat geübt ! D' Waasser D' Waasser fierwe war méi delikat. Mat vill wäiss huet misse versicht ginn déi hell a roueg Fläch ze molen, wou déi, manner staark wéi uewe, gemoolte Beem sech spigelen sollten. D' Resultat Obwuel mir vun de selwechten Erklärunge fortgaange sinn, huet een zum Schluss vill verschidde Stiler / Techniken erkenne kënnen: impressionnistesch, pointillistesch, kubistesch, realistesch, aquarellméisseg, asw.
|