Hei wielen!


    Zum Blumme-Bouquet


Wat mir brauchen: E Linostéck DIN A6, sechs Schnëtzmesser, e Bläistëft, Gouache-Faarwen, al Zeitungen, e Gummi, e Rouleau, en Zeechenblat an e Virbereedungsblat.

Virbemierkung
Wéi dat mam Linoschnëtt an Drock fonktionnéiert ass bei Sujeten -> fënneft Schouljoer -> Linodrock nozeliesen.

Fir wat d' Blummemotiv ?
Eng vun den Iddie beim Blumme-Bouquet schnëtze war, datt Blummen ëmmer en dankbaren Thema sinn, a gäre vun de Kanner behandelt gëtt.

Beim Drécke kann ee fräi schaffen ( mat enger Faarf drécken; Méifaarwendrock, deelweist Ofdecken ).

D' Resultat vum Linoschnëtt ( meeschtens ganz gutt ) ka fir Mammendag als kleng Opmierksamkeet der Mamm ( an enger flotter Rumm ) geschenkt ginn.

Bis dann - " All Guddes fir Mammendag "



Zréck zum
HAAPTMENU