Hei wielen!


    Zum Linoschnëtt


Wat mir brauchen: Wéi ee Linoschnëtt am beschten ugeet, beschreiwe mir ganz ausféierlech bei Sujeten -> fënneft Schouljoer -> Linodrock.

Fir wat dës Säit ?
Et war bei dëser Klass wou mir fir d' éischt eng éischt Épreuve ( 1. Drock ) gemat hunn, déi an der Klass sollt bleiwen.Duerfir sinn hei och emol e puer Biller méi ze gesinn.

Ouni eigentlecht Thema
All Schüler huet säin eegent Thema gewielt, et waren dat:

- d' Comics
- d' Liiblingsdéier
- d' Liiblingsspillsaach
- d' Fräizäit: Velo, Skateboard, asw.

Net gelunn
De Schwan gouf geschnëtzt vun engem Schüler dee ganz laang net wosst wat dat da sollt ginn. Ongedëlleg huet de Schoulmeeschter gemengt: " Ma mol nach e laangen Hals, e Kapp an en Dräieck als Schniewel, dann ass et e Schwan . " - " Oh, yes, dat man ech. "

Duerfir ! Dee Schwan ass besonnesch schéin !



Zréck zum
HAAPTMENU