Hei wielen!


    Zu der Molerei nom August Macke


Wat mir brauchen: En Zeecheblat DIN A3, e Bläistëft a Gouache-Faarwen aus der Fläsch.

- Sech informéieren
Dem August Macke seng Molerei hu mir eis a Bicher an der Schoul genee ugekuckt. Dobäi hu mir eis iwwer Opbau a Faarwen ënnerhalen.

- Zum Opbau
Geometresch Formen a Linne si geübt ginn.

- Zu de Faarwen
Faarftéin si gemëscht ginn.
- rout mat giel ( vun donkel bis hell )
- blo mat giel
- gréng mat giel
- Faarwe mëschen, verschidde Stufen.
- Kontraste schafen ( grell Faarwe nieft däischteren / waarm nieft kal )
- fléissend Iwwergäng hikréien ( nëmme mat naass an naass mole méiglech ); fir net ze gesi wou déi eng Faarf genee ufänkt an eng anerophält.

Dat alles op engem Übungsblat !

- Elo awer geschafft !
Um Zeecheblat eng Senkrecht an eng Waagerecht molen, liicht aus der Mëtt no riets oder no lénks an zugläich eppes no uewen oder no ënnen.Véierelskreeser, net ze streng, an a verschiddene Breeden, fräihänneg ëm de Schnëttpunkt vu Senkrecht a Waagerecht zeechnen. Déi Linnenbeim Fierwen awer net ze genee anhalen.

Vill Spaass !



Zréck zum
HAAPTMENU