Wat mir brauchen: Mëtteldéck Bamäscht ( zimlech staark schif ofgeschnidden; besonnesch schéi si Bierkenäscht ), Acryl-Faarwen aus der Dous an e Bläistëft. D' Iddi Schon eppes méi laang ass et an der Klass de Brauch eng Chrëschtdaags-Dekoratioun fir op de Festdësch ze bastelen. Hei ass d' Bastele mat Mole kombinéiert ginn. D' Iddi staamt vun engem Besuch op engem Chrëschtmaart zu Dudeldorf ( Däitschland ). D' Bamäscht D' Bamäscht fir d' éischt mat der See an engem ganz spatze Wénkel ofseeën. Déi Stécker ( 5cm - 8cm déck ) sollen tëschent 25cm - 30cm laang sinn. Oppassen datt déi Äscht ënne ( wou de Wiichtel herno soll drop stoen ) rechtwénkleg ofgeseet ginn. Eventuell probéieren ob en och wierklech net ëmfällt. D' Faarwen - Fir d' Mutz hate mir rout geholl. - Fir d' Gesiicht ( wäiss mat rout mëschen ) rosa. - Fir de Bart ( wäiss pur ). - Fir d' Aen zwee schwaarz Punkten. - Fir d' Nues eng rout Bëmmelchen ( oder e roude Punkt, e puermol iwwermolen ). - Fäerdeg ! Op eise Wiichtel ware mir schéin houfrech ! |