Wat mir brauchen: En halleft DIN A4 Zeecheblat, e Bläistëft a Gouache-Faarwen aus der Molkëscht oder aus der Plastiksfläsch. D' Virbereedung Der Gréisst vum Blat ugepasst mole mir mat de Forme Krees an Dräieck 2-3 Stécker Uebst ( déi sech roueg iwwerdecke kënnen ) net ze streng niewenteneen. Eventuell kleng Verbesserunge man. Den Hannergrond Den Hannergrond mat engem gudden naasse Pinsel ufiichten ( d' Uebststécker sinn dobäi ganz dréchen ze loossen ). Elo eng bis zwou Faarwen ( net ze vill verschidden ) mat dem Pinsel op dee fiichten Ënnergrond opdroen. Ass ze vill Waasser um Blat, kann een en Deel dervu mat engem gutt ausgedréckte Pinsel " ophiewen ". Ass elo d' Faarf net méi kräfteg genuch, huele mir einfach nees e bëssche Faarf an téinen no. Mir hunn d' Faarf och emol einfach verlafe gelooss ( ouni nach mam Pinsel dran ze réieren ). Den Hannergrond gutt dréchne loossen, éier weidergemoolt gëtt. D' Uebst Och d' Uebst ass op déi selwecht Manéier gefierft ginn. Fir d' éischt Waasser opdroen dann d' Faarwen. Bei der Drauf kritt all Käer eng ganz hell Plaz ( se wierken da ronn ). Bei dem Apel an der Bier kënnen Iwwergäng ( duerch " ophiewe " vu Waasser a frësch Faarf ) verschwanne gelooss ginn. Déi fäerdeg Biller hunn en Hauch vun enger " Aquarell ". |