Wat mir brauchen: En DIN A3 Zeecheblat, e Bläistëft a Gouache-Faarwen aus der Plastiksfläsch. D' Iddi Mir hunn hei en Thema vum Raiffeisen-Concours opgegraff. Duergestallt gouf eise Beruff dee mir wëlles hu spéider ze ergräifen. Duerfir ass et awer bei dëser Zeechnung ganz wichteg datt jiddereen nëmme senge Virstellungen no moolt, soss gëtt um Enn all Jong " Polizist " an all Meedche " Léierin ". Erstaunlech war datt net nëmme sougenannte " modern " Beruffer " in " waren, ma z. B. och alles wat dréit oder kënschtlerech Tätegkeete ware gesicht. D' Zeechnung Grouss huet et scho misse si wat gemoolt ginn ass. Hei ware wéi ëmmer fir d' éischt Grondformen ( Dräieck, Krees, Rechteck a Quadrat ) ze molen. D' Schüler konnten da mat hirer Hellëf déi " richteg " Molerei besser iwwerblécken ( d' Proportiounen ënnerteneen ofschätzen ). D' Fierwen D' Hannergrondfaarwe wielen an dann duerch " Tuppen " opdroen. Keng flaach, langweileg Téin sondern donkel-, mëttel- an hell net ëmmer " verréiere " bis keng Ënnerscheeder méi ze erkenne sinn. A wat fir Beruffer wielt dir ? |