Wat mir brauchen: En halleft DIN A4 Zeecheblat, e Bläistëft a Gouache-Faarwen aus der Molkëscht. D' Konstruktioun D' Blat gouf de breede Wee geluecht, eng einfach Waagerecht, en Drëttel no ënnen. Da mole mir Beem, Haiser, Mënschen, Déieren a Planze mat Hëllef vun de Formen, Dräieck, Krees, Rechteck a Quadrat op eist Blat. Dës Forme bleiwen och spéider bei eiser fäerdeger Zeechnung sichtbar. Den Hannergrond E schéine bloen Himmel ( 1:3 oder 1:4 blo a wäiss ), naass an naass, an eventuell Wolleken dra molen. Fir d' Landschaft gebrauche mir gréng, hellgréng ( gréng mat giel mëschen ) bis giel, naass an naass. D' " Saachen " Mir hu lieweg Faarwe gebraucht ( rout, orange, giel, blo a gréng ). Déi Faarwe maachen eng summerlech Stëmmung. 'T ass opzepassen datt d' Grondforme beim Fierwe vun de Saachen net verluer ginn. Intressant de Vergläich mat -> " véiert Schouljoer " -> " Wanter " ! |