Hei wielen!


    Zu der Spachtel-Technik


Wat mir brauchen: En halleft DIN A4 Zeecheblat, e Bläistëft, Gouache-Faarwen aus eiser Plastiksfläsch a " Spachtelen ".

D' Viraarbecht
Dräi Spachtelen hu mir gebraucht. Mir hu si aus Kartong ausgeschnidden: dräi Stécker vu jeweils 8cm laang an 1cm , 1,5cm an 2cm breet.

Wee Wellkartong benotzt, muss mam Profil schneiden; well soss " d' Spachtelen " sech liicht diebelen a " briechen ".

D' Virbereedung
De Rechteck war eis Haaptform. Als Zeeche-Motiv hu mir eng " Wolkenkratzer-Skyline " gewielt. Awer och aner Iddie gouwen ugeholl.

De Fong spachtelen
Als ëischt gouf de Fong vun der Zeechnung ugeluecht, vun uewen no ënne fir den Himmel a vu lénks no riets fir d' Haiser. Véier bis fënnef fräigewielte Faarwen ( ouni Waasser ) mat der 2cm Spachtel um Blat opdroen, kleng Faarfknubbelen däerfe roueg bleiwen.

Net vergiesse wou d' Haiser, d' Fënsteren an esou weider sinn ( well si jo ënnert der Faarf verschwannen ).

" D' Wolkenkratzer spachtelen "
Nodeem de Fong dréchen ass, ginn d' Haiser gespachtelt ( vun uewen no ënnen a mat engem liichten Drock op d' Spachtel, esou kënnt d'Faarf vum Fong nees luussen ).

D' Fënsteren an den Himmel
Mir hunn d' Spachtele vun 1cm an 1,5cm benotzt. Dës Kéier gëtt hei vu lénks no riets gespachtelt. Beim Himmel vill wäiss a wéineg blo gebrauchen ! Bei de Fënsteren eng Faarf huelen déi sech gutt ofhieft.

Zum Schluss nach mat engem ganz renge Pinsel heiansdo en dënne schwaarze Strëch zéie fir e Kontrast ze ënnersträichen.

D' Resultat kënnt dir op der " Säit " virdru gesinn !




Zréck zum
HAAPTMENU