Wat mir brauchen: Véier Zeechepobeier ( 75 cm X 60 cm ), e Bläistëft, en halleft Zeecheblat, eng Schéier an Uhu. Fir de schnelle Schüler Déi véier Joereszäite sinn haaptsächlech als " Pausefëller " gebraucht ginn. Et konnt dru geschafft gi wann eenzel Schüler mat aneren Zeechnungen méi fréi fäerdeg waren. Wéi gouf ugefaangen Geplangt an ausgefouert gouf, wann néideg mat der Hëllef vun der Léierin / dem Schoulmeeschter, den Hannergrond. Et woren dat: d' Uebstschossel, d' Vullenhaus, de Fréijoersbam an de Vakanzstrand mam Mier. Esou goung et weider Duerno war et un de Schüler déi eenzel " planchen " ze fëllen. Fir den Hierscht d' Uebstschossel mat Äppel: Geléiertes gouf hei ugewandt, - op dat halleft DIN A4 Zeecheblat en Apel molen - ( e Krees, uewen eng Abuchtung fir de Still, ënne Buuschten ). D' Gouache-Faarwen aus der Fläsch gebrauchen ( naass an naass molen ), Iwwergäng vun enger Faarf op déi aner sollt een net ze vill gesinn. Fir de Wanter d' Vullenhaus fëllen: Villecher gouwe gemoolt, - e grousse Krees fir de Bauch, e klenge Krees fir de Kapp - ( d' Proportioune kucken, jee no Vullenaart e kräftege, kuerze Schniewel oder e schmuele, laange Schniewel ), D' Faarwe festleeën, naass an naass molen, an d'Iwwergäng net ze krass. Fir de Fréijoersbam an d' Wiss: En Nascht mat Eeër an de Bam molen, - hellgréng Blieder fir op de Bam, Fréijoersblumme fir an d' Wiss. Propper Faarwe gebrauchen, naass an naass molen, Iwwergäng fléissend asw. Fir de Summer Strand a Mier fëllen : - Surfer, Segelboot, Waasserscooter, Séistären, Liegestill, Sandbuerg asw. - Zum Schluss Déi gefierwte Saache ginn ausgeschnidden an op d' " planche " gepecht. Véier ganz intressant Tableauen houngen herno an onsem Sall ! |