Hei wielen!


    Zum Reebësch


Wat mir brauchen: En halleft DIN A4 Zeecheblat, e Bläistëft a Gouache-Faarwen aus der Plastiksfläsch.

D' Iddi
An der " Sciences " goung Rieds iwwer de Reebësch, seng Planzen, seng Déieren, seng Mënschen asw.

Dat Thema wollte mir och am Mole behandelen.

D' Virbereedung
Jiddereen dréit säi Blat den héiche Wee. Gemoolt gëtt ongeféier an der Mëtt e ganzen, a lénks a riets jee no Wonsch en halwe Risebam. Uewen hunn se eng platt Kroun an ënne knacheg Wuerzelen déi komesch Formen hunn.

Déieren dierfen och eppes ongewinnt ausgesinn, awer w.e.g. keng Comic-Figuren respektiv keng Monstere molen.

Tëschent deenen dräi décke Beem duerft ee roueg zwee bis dräi méi dënn Beemstämm molen.

Den Hannergrond
Den Hannergrond hu mir blo " getuppt ". Dobäi hu mir vun uewen no ënnen, vun donkel op hell higeschafft ( dat gëtt eng gëwessen Déift ).

D' Beem
Déi dräi déck Beem mat kräfteg brong, hellbrong, iwwer beige bis giel molen.

Déi méi dënn Beem gi méi bleech, hellbrong, beige bis giel gemoolt ( bleech = einfach e bëssche méi oder manner wäiss ënnert déi gewënschte Faarf mëschen ).

Planzen an Déieren
Déiere gi mat kräftege, liewege Faarwen ( giel, rout, gréng ) gemoolt.

Blieder mat donkelgréng, vermëscht mat hellgréng a giel.

Bléien a Blumme mat schrille Faarwen, pink, knallrout, gëftgréng, asw.

Zum Schluss
Mir hunn déi Zeechnunge spéider all niewenteneen am Sall un d' Mauer gepecht an haten dunn e grousse Reebësch virun eis.

Am Reebësch war et flott !



Zréck zum
HAAPTMENU