Wat mir brauchen: En DIN A4 Zeecheblat, e Bläistëft a Gouache-Faarwen aus der Plastiksfläsch. Aféierung Wéi a wou wäerte mir an der Zukunft wunnen, wéi a wouhi reesen. Den Thema ass dee vum Concours Caisse-Rurale 2000. Iddie vun de Schüler gi kuerz virgestallt a kommentéiert. D'Virbereedung Well et sech ëm de Format DIN A3 handelt, gëtt opgepasst datt grouss gemoolt gëtt. Kleng a klinzeg Detailer erschwéiere spéider nëmmen onnëtz d' Molen. E gudde Rot Wann d' Gouache-Faarwen dréchnen, zitt d' Blat sech nawell gären zesummen an diebelt sech an all Richtungen. Dann hu mir eist Zeecheblat een-, zweemol virsichteg ( eng Hand uewen an eng Hand ënnen um Blat ) iwwer de Rand vun der Bänk gezunn. Dann d' Zeechnug ëm 90° gedréit, an dat selwecht nach éng Kéier gemat. Eist Blat war erëm " riicht ". Den Hannergrond Den Hannergrond gëtt selbstverständlech fir d' éischt gemoolt, respektiv " getuppt ". D' Saachen Wéi gewosst, - d' Saache fierwe mir um Schluss. Esou gesi - gëtt d' Zukunft spannend ! |