Zum Haaptinhalt sprangen

News

News



Eischt Viregt Nächst Lescht

Äispist 2023

19.02.2023

Äispist 2023

Am Mount Januar sinn nees d'Schoulkanner aus der Gemeng Réiser op
Kockelscheier Schlittschong lafen gaangen.

D'Kanner konnten vun Atelieren profitéieren, déi vun den Clibb
Curling, Short track an Äisdanz organiséiert goufen.

Den Sportsgrupp aus den Schoulen vu Réiser wëllt dësen Clibb vir
hiert Engagement Merci soen an och dem Sportskoordinator aus der Gemeng.

D'Kanner haten nees vill Spaass op der Äispist.





Witzer

10.02.2023

D'Schüler vum Cycle 4.1 vu Bierchem hunn hei e puer lëtzebuergesch Witzer vir Iech ageüübt.








Präsentatioun Kolja a Galina

07.12.2022

De Cycle 2 vu Crauthem krut d'Buch Kolja a Galina vum Danièle Gales virgestallt. D'Schrëftstellerin, Danièle Gales, huet de Kanner sai Buch op eng immenz flott an aktif Art a Weis virgestallt.





Virliesung vum Nico Eich - Les aventures de Monsieur Dupont

09.11.2022

09/11 an 10/11 : De Schrëftsteller Nico Eich ass aus senge Bicher - Les aventures de Monsieur Dupont - fir den Cylce 4 vu Bierchem a vu Crauthem virliese komm.





Kanner hunn leckeren Viz mam "Nohaltegkeetsgrupp" an der Schoul gemaach!

04.11.2022

Mat der Ënnerstetzung vum Nohaltehkeetsgrupp, hu verschidde Klassen aus der Crauthemer Schoul Viz gepresst.






Ninja Parcours

12.07.2022

 

De Sportsgrupp huet mat der Hëllef vun den Enseignanten konnten ee flotte Ninja-Parcours op d'Been stellen.

 

Dësen stoung Méindes a Dënschdes de ganzen Daach an der Turnhal bereet.


De Sportsgrupp seet e grouße Merci u jiddereen, deen mat ugepaakt huet.

_________________________________________

Um Ninja-Parcours ass Koordinatioun, Geschécklechkeet a Kraaft gefrot.

Mais kuckt via dësem LINK selwer ewéi d'Schüler zum Ninja-Meeschter ginn sinn. ‍️





Walygator (Cycle 3.2 vu Bierchem)

10.07.2022

De Cycle 3.2 vu Bierchem hat ee flotten Daach am Walygator.

 

Hei fannt Dir ee puer Impressiounen. 

Ennert dem Link fannd Dir och nach ee flotten Highlight Video





Bodykicker Turneier

28.06.2022

Du wolls schonn ëmmer eemol der ganzer Schoul weisen, dass du e Fussballprofi bass?

 

Du wolls och schonn ëmmer eemol denger Joffer oder dengem Schoulmeeschter weisen, wéi gudds de spille kanns.

 

An du wolls schonn ëmmer eemol géint deng Joffer oder däi Schoulmeeschter spillen?

 

 

Mëttwochs, den 13.7 kanns du dat alles maachen: UM BODYKICKER

 

Wéi funktionnéiert dat? Fann dech mat dengen 5 Kollegen als Equipe (eng Equipe besteet aus 6 Spiller)

 

Gitt Iech e coolen Equipen-Numm (dir kënnt och e Logo entwerfen)

Schéckt dem Tim (tim.penning@education) bis den 8.07.2022 ee Video an deem dir eis weist, firwat grad DIR sollt déi Auserwielte sinn fir géint Enseignanten dierfen ze spillen!

Opgepasst! D’Platzen si limitéiert an nëmmen déi  3 iwwerzeegensten Equipen gi geholl.

 

Gitt kreativ a weist eis, wien de Bodykicker-profi 2022 soll sinn!!!





Eischt Viregt Nächst Lescht