Zum Haaptinhalt sprangen

News

News



Éischt Zeréck Nächst Lescht



Präsentatioun Kolja a Galina

07.12.2022

De Cycle 2 vu Crauthem krut d'Buch Kolja a Galina vum Danièle Gales virgestallt. D'Schrëftstellerin, Danièle Gales, huet de Kanner sai Buch op eng immenz flott an aktif Art a Weis virgestallt.





Virliesung vum Nico Eich - Les aventures de Monsieur Dupont

09.11.2022

09/11 an 10/11 : De Schrëftsteller Nico Eich ass aus senge Bicher - Les aventures de Monsieur Dupont - fir den Cylce 4 vu Bierchem a vu Crauthem virliese komm.





Kanner hunn leckeren Viz mam "Nohaltegkeetsgrupp" an der Schoul gemaach!

04.11.2022

Mat der Ënnerstetzung vum Nohaltehkeetsgrupp, hu verschidde Klassen aus der Crauthemer Schoul Viz gepresst.






Ninja Parcours

12.07.2022

 

De Sportsgrupp huet mat der Hëllef vun den Enseignanten konnten ee flotte Ninja-Parcours op d'Been stellen.

 

Dësen stoung Méindes a Dënschdes de ganzen Daach an der Turnhal bereet.


De Sportsgrupp seet e grouße Merci u jiddereen, deen mat ugepaakt huet.

_________________________________________

Um Ninja-Parcours ass Koordinatioun, Geschécklechkeet a Kraaft gefrot.

Mais kuckt via dësem LINK selwer ewéi d'Schüler zum Ninja-Meeschter ginn sinn. ‍️





Walygator (Cycle 3.2 vu Bierchem)

10.07.2022

De Cycle 3.2 vu Bierchem hat ee flotten Daach am Walygator.

 

Hei fannt Dir ee puer Impressiounen. 

Ennert dem Link fannd Dir och nach ee flotten Highlight Video





Bodykicker Turneier

28.06.2022

Du wolls schonn ëmmer eemol der ganzer Schoul weisen, dass du e Fussballprofi bass?

 

Du wolls och schonn ëmmer eemol denger Joffer oder dengem Schoulmeeschter weisen, wéi gudds de spille kanns.

 

An du wolls schonn ëmmer eemol géint deng Joffer oder däi Schoulmeeschter spillen?

 

 

Mëttwochs, den 13.7 kanns du dat alles maachen: UM BODYKICKER

 

Wéi funktionnéiert dat? Fann dech mat dengen 5 Kollegen als Equipe (eng Equipe besteet aus 6 Spiller)

 

Gitt Iech e coolen Equipen-Numm (dir kënnt och e Logo entwerfen)

Schéckt dem Tim (tim.penning@education) bis den 8.07.2022 ee Video an deem dir eis weist, firwat grad DIR sollt déi Auserwielte sinn fir géint Enseignanten dierfen ze spillen!

Opgepasst! D’Platzen si limitéiert an nëmmen déi  3 iwwerzeegensten Equipen gi geholl.

 

Gitt kreativ a weist eis, wien de Bodykicker-profi 2022 soll sinn!!!





Schoulfest

27.06.2022

De Colonie ASBL Grupp freet sech iech matzedeelen, dass dëst Joer erëm ee Schoulfest kann gefeiert ginn.

 

Den 13.7.2022 am Schoulhaff vun der Crauthemer Schoul kennt dir den Ofschloss vun dësem Schouljoer feieren.

 

Vir Gedrénks an Iessen ass gesuergt; et gëtt vill flott Spiller an Aktivitéiten.


Mir freeën eis op Iech





Geschecklechkeetsparcours

11.05.2022

Den 5.Mee hunn Titulairen aus dem Cycle 4 mat der APE a mat der Maison
relais hiren Schüler nees en Parcours ugebueden vir d'Coupe scolaire
vir ze bereeden. Kuckt iech d'Photoen vun dem flotten Moien un!



Éischt Zeréck Nächst Lescht