Zum Haaptinhalt sprangen

News

News



Eischt Viregt Nächst Lescht

Nationalt Austauschtreffen vun der Peer-Mediation

02.05.2017

De 27.4 huet zu Bouneweg am Centre Culturel dat éischt nationalt Austauschtreffe vun de Peer-Mediateure stattfonnt. Am ganze Land ginn et mëttlerweil 19 Schoulen déi un dësem Projet matschaffen, dorënner 2 Grondschoulen. Ëmsou méi houfreg ware mir, datt mir mat eise 26 Mediateuren, eisem kompletten Team, konnten drun deelhuelen.
D'Mediateuren haten de Choix sech an 2 Workshoppen anzeschreiwen, zu Themen déi si interesséiert hunn. Alles huet sech natierlech ëm hier Aarbecht als Mediateur gedréint.
D'Coachen déi d'Kanner begleet hunn, hunn entweder en Workshop ugebueden oder konnten sech och zu verschiddenen Themen ënnerteneen austauschen.
Et war en immens flotten Dag fir eis alleguer!
D’Kanner hu wonnerbar matgeschafft an d’Workshopleeder an déi grouss Lycéesschüler mat hirem Knowhow an hire Reflexiounen zum Staune bruecht. Mir freeën eis schonn op dat nächst Treffen.
Weider Informatiounen zum Projet fannt dir um offizielle Site: peermediation.lu
Op folgenden Linken fannt dir nach Fotoe a verschidde Reportage vun dësem Dag!



Méi Bewegung am Klassesall

01.05.2017

Eise Sportsgrupp hat sech erëm flott Aktivitéiten ausgeduecht! Dës Kéier ass et drëms gaangen, méi Bewegung an eisen Schoulalldag ze integréieren. Eis Kollegen hunn dofir e puer Bewegungsunitéiten um Gank preparéiert an hunn och Yoga mat de Kanner an der Klass gemaach. Ziel war et, dass all Titulaire Iddiën kritt fir de Kanner méi Bewegungsméiglechkeeten am Alldag unzebidden.
Et war immens flott! Hei e puer Fotoën!



Äispiste

08.02.2017

Wi all Joer huet de Sportsgrupp fir d'ganz Schoul eng Sortie op d'Kockelscheier Äispiste organiséiert.
Merci dofir! Mir hate vill Spaass!



Fuesbal/Fuesdisco

31.01.2017

Och dëst Joer organiséiert d'colonies de vacances a.s.b.l. hiren traditionellen Fuesbal an hier Fuesdisco.
Di 2 Evenementer fannen am centre culturel zu Béiweng statt.

De Fuesbal ass fir d'Kanner vum Cycle 1 an 2. En dauert vun 15.00 - 17.30 Auer.
D'Fuesdisco ass fir d'Kanner vum Cycle 3 a 4. Se dauert vun 18.00 - 20.00 Auer.

Fir Iessen, Gedrénks an Animatioun ass natierlech gesuergt. Fir weider Detailer kuckt Iech de Flyer un.
Mir freeën eis Iech ze begréissen!



Wantermaart

02.12.2016

Och dëst Joer organiséiert d'Colonies de vacances a.s.b.l den traditionellen Wantermaart.
Wéini: 02. Dezember 2016
Wou: Schoulhaff a Buvette Krautem
Auerzäit: vu 16 Auer bis 20 Auer
Wat erwaart Iech: Bastelstänn, leckert Iessen, Glühwäin, Kaffisstuff, an e speziellen Optrëtt!
Mir freeën eis Iech do ze begréissen!



Mediathéik

25.11.2016

An eiser Mediathéik zu Krautem sinn e Koup nei Bicher ukomm! D'Leit déi d'Mediathéik verwalten waren nämlech fläisseg op Frankfurt op d'Buchmesse akafen an di Bicher si lo all ukomm.
Dës nei Bicher an och Bicher zum Thema "Kleeschen" a "Krëschtdag" fannt dir an der Mediathéik ausgestalt.



journée pédagogique

16.11.2016

Am Kader vun eisem PRS huet den Aarbechtsgrupp "Evaluatioun", an Zësummenaarbecht mat eisem instituteur ressource, eng journée pédagogique zum Thema "Um Wee zu engem gemeinsamen Evaluatiounsoutil" organiséiert.
Dës fënnt den 17. November nomëttes statt.
All d'Enseignanten aus der Réiser Schoul wäerten sech do iwert d'Evaluatioun vu Geschichten austauschen a kucken fir e roude Fuedem an dës Evaluatioun ze kréien.
Mir freeën eis op deen Austausch!



Schoulufank

14.09.2016

Mir wënschen all de Schüler aus der Réiser Schoul e schéine Schoulufank!



Kolonie Bitburg

12.07.2016

D'Klasse Braun (Cycle 3) a Jung (Cycle 2) si gutt zu Bitburg an der Kolonie ukomm



Colonie C4 Krautem

20.06.2016

D'Klassen aus dem Cycle 4 vu Krautem si gutt um Neihaischen ukomm!



Eischt Viregt Nächst Lescht