News
News
Rentrée 2017/2018
29.08.2017Durée de la 1ère journée de classe à Crauthem:
- pour le cycle 1 :
de 7:45 à 11:30 heures et de 14:00 à 16:00 heures
(arrivée des élèves possible jusqu’à 9:00 heures) - pour les cycles 2-4 :
de 7:45 à 11:40 heures et de 14:00 à 16:00 heure
- pour le cycle 1 :
de 7:45 à 11:40 heures et de 14:00 à 16:00 heures
(arrivée des élèves possible jusqu’à 9:00 heures) - pour les cycles 2-4 :
de 7:45 à 11:40 heures et de 14:00 à 16:00 heures
Schoulfest 2017
29.06.2017D'Colonies de Vacances a.s.b.l organiséiert den 7. Juli am Haff vun der Krautemer Schoul d' Schoulfest fir all d'Schoulkanner aus der Gemeng Réiser.
Ab 16 Auer kënnen d'Kanner bei enger Rei Spiller matmaachen, an ab 16.30 Auer gëtt dann och eppes fir de klengen a groussen Honger gemaach.
Spiller an Animation sin um Programm souwei en Bodykicker Tournéier an der Sportshall!
Mir soen elo schon Merci, jidderengem deen deen Dag eng Hand mat upeekt!
Mir hoffen Iech zahlreich unzetreffen!
Klasse Jung a Braun an der Kolonie
28.06.2017Klasse vu Marc Braun a vum Alain Raoul Jung si gutt zu Bitburg ukomm. Trotz de puer Reendrëpsen freeë mir eis op e puer flott Deeg.
Kolonie Klass Vogel
26.06.2017D'Kanner aus der Klass vum Stéphanie Vogel si gutt zu Iechternach ukomm. Schéi Kolonie ;-)
Konschtprojet
22.06.2017Haut haten d'Kanner aus der Réiser Gemeng hëtzefräi.
D'Enseignanten hu profitéiert fir de Kanner hir Konschtwierker am Gang opzehänken.
» Galerie
Suspension des cours d'école en raison des hautes températures annoncées pour jeudi, le 22 juin
21.06.2017Le collège échevinal de la Commune de Roeser a décidé en concertation avec le comité d’école, de suspendre les cours d’école demain, jeudi, le 22 juin, en raison des hautes températures annoncées.
Un accueil des enfants est organisé en classe par les enseignants.
Le transport scolaire et le Pédibus fonctionnent comme d’habitude.
Preparatioun op d'Coupe scolaire
30.05.20171. Etapp
Säit e puer Joer hunn d'Kanner aus der Réiser Schoul d'Chance un engem Geschécklechkeetsparcours Deel ze huelen. De John Welter stellt dann e Parcours am Haff op d'Been, wou d'Kanner aus em Cycle 4 kënnen e bëssen mat hirem eegene Vëlo fir d'Coupe scolaire üben.
2. Etapp
Verkéiersgaart zu Esch. (d'Fotoën kommen no subal d'Kanner all do waren)
3. Etapp
Coupe scolaire an der Réiser Gemeng
» Galerie
Aweiung Spillplaatz Kolla
19.05.2017De 5. Mee ass d' "Kolla-Spillplaz" ageweit ginn. D'Spillplaz krut dësen Numm fir d'Partenariat zwëschen der Gemeng Kolla (Argentinien) an der Gemeng Réiser ze éieren.
D'Kanner aus dem Précoce an der Spillschoul hate fir dësen Dag e klengen Optrëtt virbereet an och d'Maison relais hat e flotten Danz mat de Kanner astudéiert.
No enger Ried vum Buergermeeschter, si Loftbäll fléie gelooss ginn, a jiddereen krut nach eppes ze drénken an e Maufel ze iessen.
Hei e puer Impressiounen:
Klassen Dosser, Oth a Rodesch gutt ukomm!
15.05.2017D'Klassen Dosser, Oth a Rodesch aus dem C4 si gutt zu Beefort ukomm. Mir wënschen hinnen e flotten Openthalt!





