Zum Haaptinhalt sprangen

News

News



Eischt Viregt Nächst Lescht

Urban Knitting Fotoen

01.02.2016

Déi éischt Fotogalerie vum Urban Knitting sinn elo an der Rubrik "Projeten" online. An den nächste Méint wäerten nach weider Galerie bäi kommen.

> Zu de Galerien



Fuesbal / Fuesdisco

29.01.2016

Den 4.2 ass erëm Fuesbal a Fuesdisco am centre culturel zu Béiweng.
Hei fannt dir d'Affichen mat den Detailler!



Äispiste 2015

17.12.2015

Och dëst Joer huet de Sportsgrupp eng Sortie op d'Äispiste organiséiert. Merci dofir!
D'Fotoën schwätzen fir sech:



news: Mediathéik

28.11.2015

D'Equipe vun der Mediathéik war och dëst Joer erëm op d'Frankfurter Buchmesse, a si sinn mat ganz villen neien Bicher am Köfferchen heemkomm! All déi Neizougäng kann een ab elo ausléinen.
Och hunn d'Leit aus der Mediathéik sech vill Méi ginn fir all eis Wanter- Kleeserchers- a Chrëschtbicher prëtt eraus ze leeën.
Kommt luussen!



Urban Knitting goes Réiserbann

13.11.2015

D'Réiser Schoul (Krautem a Bierchem) organiséiert en "Urban Knitting" an der Gemeng.
Mir siche Leit déi Loscht hunn ze heekelen, strécken oder wiewen. Vum Ufänger bis Profi ass jidderee wëllkomm.

 Flyer_fr.pdf (1.75 MiB)
 Flyer_lux.pdf (1.75 MiB)



Schoulufank

18.09.2015

Mir hoffen dass all d'Schüler aus der Réiser Schoul eng flott Rentrée haten!
Op e flott Schouljoer 2015/2016!



Kolonien Bitburg a Palogne

29.06.2015

  • D'Klasse Jung a Braun si gudd an hirer Kolonie zu Bitburg ukomm.
  • Och d'Klasse vum Cycle 4.1 (Tom Dosser) a vum Cycle 4.2 (Mariane Oth) si gudd an hierer Kolonie zu Palogne ukomm.




Schoulfest

18.06.2015

Den 10. Juli fënnt am Haff vun der Krautemer Schoul eist Schoulfest fir all d'Schoulkanner aus der Gemeng Réiser statt.
Ab 16 Auer kënnen d'Kanner bei enger Rei Spiller matmaachen, an ab 16.30 Auer gëtt dann och eppes fir de klengen a groussen Honger gemaach.

Spiller an Animatioun sinn um Programm souwéi och ab 18.30 eng grouss Bühneshow!
Mir soen der Colonies de Vacances a.s.b.l villmools Merci fir d'Organisatioun, a bedanken eis och bei jidderengem deen deen Dag eng Hand mat upeekt!

Mir hoffen Iech zahlreich unzetreffen!




Zirkusshow

03.06.2015

D'Schüler aus dem 3.2 vum Cynthia Feidt an Nadine Sunnen hunn en Trimester laang fläisseg geübt fir eng wonnerbar Zirkusshow op d'Been ze stellen.
Hei kënnt dir d'Fotoën vun eisen Artisten bewonneren.
E groussen BRAVO!



Fotoën Crossfit

28.05.2015

Héi kënnt dir eis Kanner an Aktioun gesinn:



Eischt Viregt Nächst Lescht