News
News
Eckerchesturnéier de 4. Mäerz zu Krautem
27.02.2015De Sportsgrupp huet sech erëm eng Aktivitéit ausgeduecht: En Eckerchesturnéier!
Eckersches gëtt och oft als „falsche Baseball“ bezeechent – dh. 2 Ekippe spillen géinteneen, déi eng sinn d’Feldspiller an déi aner sinn d’Leefer
All d'Klassen déi wëllen dierfen natierlech matmaachen.
Mir freeën eis op dës sportlech Veranstaltung, merci dem Sportsgrupp fir hiert Engagement.
Fotoën Fairtrade-Buffet
08.02.2015Hei e puer Andréck vun eisem leckeren Buffet. Villmools merci u jiddereen dee gehollef huet!
Fuesbal / Fuesdisco
27.01.2015D'Colonies de vacances a.s.b.l organiséiert hiren traditionellen Fuesbal fir Kleng a Grouss.
Wéini: 10.02.2015
Wou: Centre Culturel à Bivange
Auerzäit: vun 15.00 - 17.30 fir den C1 an C2
a vun 18.00 - 20.00 fir den C3 an C4
Wat erwaart iech: flott Fuesstëmmung mat Animatioun. Fir de klengen Honger an Duuscht ass gesuergt.
Mir freeën eis Iech do ze begréissen!
Fairtrade-Buffet
15.01.2015Am Kader vum Fairtrade Label vun der Gemeng Réiser, organiséieren d’Réiser Schoulen e « Fairtradebuffet » de Mëttwoch Moiën, 21. Januar 2015.
Dee Moien ass e Buffet an der Schoul mat Fairtrade Produitën an d’Kanner kënne sech op deem Buffet Iessen huelen, wat mir zesummen iessen.
Ziel vun der Aktivitéit ass et, d'Kanner op de fairen Handel opmierksam ze maachen.
Weider Informatiounen iwert Fairtrade fannt dir op dem Site www.transfair.lu .
Chrëschtmaart 2014
25.11.2014Och dëst Joer organiséiert d'colonies de vacances a.s.b.l eisen traditionelle Chrëschtmaart.
Wéini: 17. Dezember 2014
Wou: Schoulhaff a Buvette Krautem
Auerzäit: vu 16 Auer bis 20 Auer
Wat erwaart Iech: Bastelstänn, leckert Iessen, Glühwäin, Kaffisstuff, an e speziellen Optrëtt!
Mir freeën eis Iech do ze begréissen!
Äispiste 2014
25.11.2014Och dëst Joer organiséiert de Sportsgrupp en Ausfluch op d'Äispiste, an zwar de 4.12 an den 11.12.
D'Kanner an d'Léierpersonal soen iech merci fir Äert Engagement!
Rentrée 2014
12.09.2014De 15.9 geet d'Schoul no enger laanger Summervakanz erëm un.
Mir freeën eis iech all erëm ze gesinn!
Cycle 3 gutt am Centerparcs de Kempervennen ukomm
07.07.2014D'Klassen vum TCM si gutt geland. Mir wollte just matdeelen, dass mir gutt am Centerparc de Kempervennen zu Westerhoven ukomm sinn. Just 4 mol schlofen a mir si schonn erem do Heem.
De RDV fir zeréck ass tëschend 16h-16h30 e Freiden, den 11. Juli bei der Schoul :-)
Schoulfest
03.07.2014Den 11. Juli fënnt am Haff vun der Krautemer Schoul eist Schoulfest statt.
Ab 16 Auer kënnen d'Kanner bei enge Rei Spiller matmaachen, an ab 16.30 Auer gëtt dann och eppes fir de klengen a groussen Honger gemaach.
Mir soen der colonies de vacances a.s.b.l villmools Merci fir d'Organisatioun, a bedanken eis och bei jidderengem deen deen Dag eng Hand mat upeekt!
Mir hoffen Iech zahlreich unzetreffen!
Cycle 4 gudd am Europapark ukomm
02.07.2014De Cycle 4 ass gutt am Europapark ukomm! Mir freeën eis op 2 Deeg Spaass;-))
Le cycle 4 est bien arrivé à l'Europapark.Deux jours de joie nous attendent.;-))







