Zum Haaptinhalt sprangen

News

News



Eischt Viregt Nächst Lescht

Fotoën Afrikafest

26.06.2014

D'Kanner an d'Léierpersonal aus dem Bierchemer Pavillon hunn en Afrikafest organiséiert wou eng Rei Saachen, déi si selwer hiergestalt hunn, verkaf gi sinn. Den Erléis ass gespend ginn un Millipap asbl an Action solidarité Tiers Monde Burkina Faso.
Hei kënnt dir e puer Fotoën bewonneren!



Theater: Eng Nuecht am Supermarché

26.06.2014

De Cycle 4.2 ass frou iech matzedeelen, dass mir d'Theaterstéck "Eng Nuecht am Supermarché" den 8. an den 10.Juli an der Gemeng zu Réiser spillen.
Mir giffen eis freeën Iech do ze begréissen!
Hei eis Invitatioun:



Hëllef fir Bosnien

24.06.2014

Den Handball Club Bierchem huet eng Spendenaktioun an d’Liewe geruff, an huet dobei op d’Hëllef vun der Schoul zeréck gegraff.
D’Schüler konnten Kleeder a Schung mat an d’Schoul bréngen, déi do an engem Sall gesammelt gi sinn. E puer Leit vum Handball hunn d’Saachen an der Schoul ofgeholl an hunn en Transport gemeinsam mat der Caritas a Bosnien organiséiert.
Wann dir op de Link ënnen klickt kënnt dir e puer Fotoen bewonneren. Wéi een erkenne kann war dës Spendenaktioun ganz erfollegräich. Merci dem HC Bierchem fir hieren Asaatz!!!



Fussballturnéier

21.05.2014

Dëst Joer ass erëm WM!!!!!!
An och zu Réiser wëlle mir d'Fussballsaison alauden!
Dofir organiséiert de Sportsgrupp de 6. an den 18. Juni e Fussballturnéier.

6.6 fir d'Klassen vum C1, C3, an C4
18.6 fir d'Klassen vum C2

All Klass kann eng oder méi Equipen umellen.

Mir freeën eis schonn op di 2 sportlech Deeg!



Fuesbal / Fuesdisco

02.02.2014

D'Colonies de vacances a.s.b.l invitéiert op hire Fuesbal an op hier Fuesdisco an zwar den 13. Februar 2014!

Wou: am Kulturzentrum zu Béiweng.

De Fuesbal ass fir d'Kanner bis den Zykel 2 mat, fänkt um 15.00 Auer un a geet bis 17.30 Auer.

D'Fuesdisco ass fir d'Kanner aus dem Zykel 3&4, fänkt um 18.00 Auer un a geet bis 20.00 Auer.

Weider Detailer fannt Dir an deenen 2 Flyeren!

Mir freeën eis vill Fuesboken ze gesinn!




Fotoën Äispiste

10.01.2014

Hei kënnt dir iech e puer Fotoën vun der Äispiste ukucken. Dem Sportsgrupp nach eng Kéier e grousse Merci fir d'Organisatioun!



Vill Gléck am neie Joer

05.01.2014

D'ganz Personal vun der Réiser Schoul wënscht Iech alles erdenklech Guddes am neie Joer!



Chrëschtmaart

02.12.2013

Och dëst Joer organiséiert d'a.s.b.l colonies de vacances eisen traditionelle Chrëschtmaart.
Den 18. Dezember um 16 Auer geet et lass! Am Schoulhaff an am Gebai vun der Krautemer Schoul waarde Bastelaarbechten, Gedrénks an Iessen op Iech.
Dëst Joer hu mir souguer en "special sing sing act" fir Iech preparéiert!
Mir hoffen Iech deen Dag do ze gesinn!



Äispiste 2013

18.11.2013

Och dëst Joer kënnen erëm déi Klassen déi wëllen e ganze Moien op der Äispiste verbréngen.
De Sportsgrupp huet d'Äispiste dës 3 Deeg fir eis Schüler reservéiert:
22. November
10. Dezember
17.Dezember

Mir soen dem Sportsgrupp Merci fir d'Organisatioun, an der Gemeng Merci fir d'Iwwerhuele vun den Onkäschten!



Nei Elterevertrieder

25.10.2013

E Mëttwoch, den 23. Oktober 2013 sinn zu Réiser 5 Elterevertrieder gewielt ginn:
Carelli Sandra
Feltes Sandra
Menini Marie-Anne
Rock Guy
Rodrigues Teresa

Detailler zu der Funktioun vun den Elterevertrieder an wéi dir se erreeche kënnt fannt dir an der Rubrik "Elterevertrieder"
Merci fir Äert Engagement!



Eischt Viregt Nächst Lescht