News
News
FUESBAL FIR D KANNER VUM CYCLE 1 A CYLCE 2
21.01.2013En Donneschdeg, de 7. Februar 2013 vu 15.00 - 17.30 Auer organiséiert d'Colonie de vacances Réiserbann asbl. am Centre Culturel zu Béiweng e Fuesbal fir Kanner aus dem Cycle 1 an 2.
Fir d'Animatioun vun de klenge Fuesboken grad ewéi fir Iessen an Drénken ass beschtens gesuergt.
Den Entrée am Virverkaf kascht fir déi Erwuessen 3 Euro, fir d'Kanner 2 Euro - ee Gedrénks abegraff.Vum 4.2.-7.2.2013 ginn d'Billeten an der Paus an deene verschiddene Schoule verkaaft. D'Entrée op der Plaz ass 4 Eur fir déi Grouss an 2 Euro fir d'Kanner.
Ze beuechten ass, datt d'Kanner nëmmen am Gebai ënnert der Responsabilitéit vun der Colonie de Vacances sinn.
Den Erléis kënnt de Kanner, déi an d'Colonie fueren, ze gutt.
Schéint Joer 2013
02.01.2013D'Enseignante aus de Réiserbänner Schoulgebaier wënschen Iech all e schéint neit Joer, vill Gléck a Succès fir 2013.
CHRËSCHTMAART AN DER KRAUTEMER SCHOUL
30.11.2012Fir eis op d'Feierdeeg anzestëmmen, fënnt den 19. Dezember 2012 an der Krautemer Schoul
den traditionelle Chrëschtmaart vun eise Grondschoulen aus dem Réiserbann statt.
Um 4 Auer fänke mer un. Vu 16.15 bis 19.00 Auer verkafen d'Kanner an der Buvette
hir Kreatiounen, déi si extra fir dësen Ulass gebastelt hunn.
Fir Iessen an Drënken ass beschtens gesuergt.
D'Revenuen vun der Restauratioun kommen der Colonie de vacances zegutt, déi all Klassen ënnerstëtzt,
déi an d'Colonie fueren an esou de Beitrag, deen d'Famill musse bäileeën, reduzéiert.
PRÄSENTATIOUN VUM PROJET "STREITSCHLICHTER"
21.10.2012E Freiden, den 16. November 2012 um 19.00 Auer fënnt an der Krautemer Schoul
d'Presentatioun vun eisem Projet "Streitschlichter", deen och en Deel vun eisem PRS ass, statt.
D'Kanner, déi eng spezifesch Formatioun dofir matgemat hunn,
sollen an Zukunft Streidereien tëschent Schüler selwer opléise kënnen.
Wéi si dat maachen an nach vill aner intressant Detailer gidd Dir op dëser Presentatioun gewuer.
RENTREE 2012/2013
10.09.2012Dat neit Schouljoer fänkt e Méindeg, de 17. September 2012 unn.
Horaire vum éichte Schouldag:
- 7:45-11:30 a 14:00-16:00 (Cycle 1)
- 7:45-11:40 a 14:00-16:00 (Cyclen 2-4)
> Klasseverdeelung
> Comité d'école
Sportsdag
10.05.2012Den 16.5 fënnt zu Réiser dee mëttlerweil schon traditionnelle Sportsdag statt. De ganzen Dag iwwer gin de Kanner aus de Schoulen Sportsatelier'en vun den Enseignant'en ugebueden. Mueres sin d'Cyclen 3 + 4 sportlech aktiv, a Mëttes as ët dann un den Cyclen 1 + 2.
bistrot pédagogique
22.04.2012De Schoulkomitee an d'Elterevertrieder vun der Réiser Schoul invitéieren Iech häerzlechst op e
Bistrot pédagogique
Donneschdes, den 3. Mee 2012
ëm 19.00 Auer
am Festsall François Blouet an der Gemeng.
Fräi Entrée
Programm:
Projektioun vum Film « Ons Educatioun. De sëchere Wee » (Film op Lëtzebuergesch mat franséischem Ënnertitel)
Diskussiounsronn
Gemittlechen Ofschloss beim Patt
Handball-Schnuppercours
19.03.20122 Traineren (de Björn an de Steve) vum HC Berchem hate proposéiert eise Schüler aus dem Cycle4 en Handball-Schnuppercours unzebidden.
Wéi dir ënnen op de Fotoe feststelle kënnt war dat e volle Succès!
Villmools Merci fir dës flott Initiative!
Fussballturnéier
08.03.2012Fir eis op d'Europameeschterschaft 2012 anzestëmmen organiséiere mir zu Krautem an der Sportshal den 27.3.2012 e Fussballturnéier.
D'Equipen aus engem Cycle spille géinteneen.
D'Kanner sollen hirer Equipe och en Numm ginn a sech eng Uniform ausdenken.
Den 13.3 huet all Kand missen e Goal schéissen ier et huet dierfen an d'Schoul eragoen. (Foto) Dat huet de Kanner vill Spaass gemaach!
Merci dem Sportsgrupp fir d'Organisatioun vun dësem Event!







