News
News
Portfolio-Nomëtten
25.02.2012Den 8. Mäerz huet eise Portfolio-Aarbechtsgrupp ee Portfolio-Nomëtten organiséiert.
All d'Léierpersounen treffe sech am Festsall Blouet fir iwwert d'Thema Portfolio ze diskutéieren an eisem gemeinsame Portfolio-Konzept vu Réiser e Schratt méi no ze kommen.
Merci dem Aarbechtsgrupp fir hir Aarbecht!
Fuesbal / Fuesdisco
07.02.2012Donneschdes den 16.2 ass erëm eisen traditionelle Fuesbal an eis Fuesdisco, organiséiert vun der a.s.b.l. colonies de vacances.
De Fuesbal ass fir d'Kanner vum C1 an C2, a geet um 15 Auer lass, bis 17.30.
D'Fuesdisco ass fir d'Kanner vum C3 an C4, an ass vun 18 Auer bis 20 Auer.
Fir Iessen a Gedrénks, an och Animatioun ass gesuergt!
De Virverkaf leeft ab den 13.2 während de Schoulpausen, mee och an der Dageskeess kann een nach Ticketen ergatteren.
Mir freeën eis op ganz vill Fuesboken!
Emailadress Elterevertrieder
18.01.2012Eis nei Elterevertrieder hunn ab elo eng gemeinsam Emailadress:
ev@roeserschool.lu oder elterevertrieder@roeserschool.lu.
Chrëschtmaart zu Krautem
29.11.2011De 14ten Dezember ass zu Krautem an der Schoul eisen traditionnelle Chrëschtmaart.
D'Kanner hunn äifreg gebastelt a verkafen hir Aarbechten.
Vu 16.00 bis 20.00 Auer ass am Schoulhaff fir Iessen an Gedrénks beschtens gesuergt: Gyros, Pizza, Sauerkraut mat Wierschtchen, Softdrinks, Schampes, an net ze vergiessen den traditionelle Glühwäin.
Mir freeën eis op äre Besuch.
Schlittschongpiste
09.11.2011De 15. an den 24. November maachen d'Schoulkanner vu Krautem eng Sortie op d'Schlittschongpiste op der Kockelscheier. De Sportsgrupp vun eiser Schoul huet dës Sortie organiséiert a fënnt am Kader vun eise Sportdeeg statt. No dëser Sortie kritt all Kand wat dobäi war och e Sticker a säi Sportpass.
Folgend Klassen huelen un dëser Sortie deel:
15. November: Koetz, Schou/Schmit, Steffen, TCM3, Molitor, Hammerel, Zens, Dosser
24. November: Ballmann, Merland, TT2, Nestler, Scholler, Oth, Muller, Cruchten
7 nei Elterevertrieder
05.11.2011Eis Schoul huet ab elo 7 nei Elterevertrieder:
Da Silva Carvalho Marie-Jo
Gaasch Romain
Oesch Mirjam
Marques Carine
Menini Marie-Anne
Rock Guy
Feltes Sandra
E grousse Merci fir Äert Engagement!
Detailer doriwwer wéi Dir d'Elterevertrieder kontaktéiere kënnt, kommen no!
Wiel vun den Elterevertrieder
21.10.2011De 26.10.2011 fënnt um 19 Auer am Festsall Blouet eis zweet Wiel vun den Elterevertrieder statt.
Op dëser Wiel kënnen d'Elteren hir Vertrieder wielen.
All d'Eltere kruten e Bréif wou d'Funktioun vun den Elterevertrieder erkläert ass.
Mir géingen eis freeën iech zahlreich deen Owend unzetreffen.
Schoulufang / Rentrée scolaire 2011-2012
13.09.2011Entlech,....et geet erem lass... Juhuuu.... Fir baal 500 Kanner a 60 Enseignanten geet d'Schoul zu Réiser erem un. Iwwert d'grouss Vakanz ass den Haalbuedem erneiert ginn, an och an de Schoulgebaier sinn esou munch Aarbechten gemach ginn.
Opgepasst!!!!!
En Donnerschden, de 15. September geet et erem lass. Mee opgepasst, am Buet stoungen bis elo nach ëmmer déi falsch Auerzaiten dran. En Donnerschden geet et da lass an zwar:
- Cycle 1 vu 7h45 - 11h30
- Cycle 2, 3 a 4 hu vu 7h45 - 12h15 (Am Buet stoung dran et wier just bis 11h40 Schoul, an daat ass natierlech net richteg)





