News
News
Fuesend 2008
01.02.2008Den 29. Januar wor e flotte Fuesbal fir di Kleng an duerno eng Fuesdisko fir di Grouss am Centre Culturel zu Béiweng. Um Programm stoungen vill flott Spiller an ët gouf gedanzt. Den Zauberer Tinni Balli huet eng Rëtsch Zaubertricker zum Beschten ginn.
Den Erléis vum Bal ass fir d'asbl Colonie de Vacances.
Chrëschtfeier Dezember 2007
21.12.2007Op der Krëschtfeier sin dëst Joer d'Madame Fernandez, an déi Hären Feidt an Thinnes, déi allen dräi 2007 hier Pensioun ugetrueden hun, fir hier laang Déngschter an der Gemeng geéiert gin.
Mir wënschen hinnen vun hei aus nach eng spannend Zukunft a wëllen virun allem dem Camille Thinnes villmols merci soen fir säin Engagement ëm d'Schoul.
Merci Arthur Sinner
Virun allem wëlle mer awer eisem Buergermeeschter dem Arthur Sinner merci soen, dat bei him d'Suerge vun der Schoul, de Kanner an den Enseignanten ëmmer un éischter Stell koumen. Mir wëllen och drun erënneren, dat kaum e vun den Enseiganten déi am Moment zu Réiser aktiv sin jeemols en aanere Buergermeeschter zu Réiser kenne geléiert huet. Dat muss een dem Arthur Sinner emol nach nomachen.
Schéi Chrëschtdeeg an e gudde Rutsch
20.12.2007No engem flotten an erfollegräichen Chrëschtmaart wënsche mir schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch an d'Joer 2008!!!
Chrëschtmaart 2007
03.12.2007E Mëttwoch de 19. Dezember ass vun 16 bis 20 Auer eise Chrëschtmart zu Réiser an der Kantin. De Chrëschtmart get vun de Kanner an den Enseignanten aus der Réiser Gemeng organiséiert. (Mat frendlecher Ennerstetzung vun de Gemengenaarbechter an de Leit aus der Kantin.)
D'Kanner präsentéieren hier flott Bastelaarbechten a fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt!
D'Kantin ass vis-à-vis vun der Gemeng! Jiddereen ass wëllkomm!
Rentrée 2007/2008
17.09.2007Dat neit Schouljoer fänkt e Méindeg, de 17. September 2007 unn. Horaire vum éischten Schouldag:
- Spillschoul:
07:45 - 11:30 an 14:00 - 16:00 - 1. bis 6. Schouljoer:
07:45 - 11:40 an 14:00 - 16:00
Bierchem Pavillon leeft 6 Marathons
20.06.2007Ronn 70 Kanner tëscht 4 an 9 Joër sinn haut jiddereen a sengem Tempo e Parcours vu 500 Meter tëscht der neier Schoul an dem neie Jugendhaus gelaf. Dobäi goufen zesummen 258,5 Kilometer gelaf, dat ass d'Distanz vun 6 Marathons !
A wann ët nët esou gereent hätt, géinge verschiddener elo nach laafen ;-)
Schoulfest
09.06.2007E Samschdeg, den 9. Juni fënd vun 12 bis 18 Auer um Herchesfeld eist Schoulfest statt. Fir d'Kanner gi flott Spiller ugebueden an et fënd ee Moudendéfilé mat selwer entworfene Kleeder statt. Fir Iessen a Gedrénks ass natierlech gesuergt. Den Erléis vum Schoulfest geet un d'Colonies de Vacances asbl.
E Sondeg, den 10. Juni fënd um Herchesfeld ab 10 Auer och de Fit a Fun am Réiserbann statt, wou kleng a grouss un diversen sportlechen Aktivitéiten deelhuele kënnen.
LASEP
31.05.2007An der LASEP-Rubrik sinn elo nei Foto-Galerien vunn den Aktivitéiten online, déi mir a läschter Zäit zesummen ënnerholl hunn. Vill Spaass!
Billerexpo
23.05.2007Als Ofschloss vun eisem Konschtprojet stellen mir eis Biller (op Toile am grousse Format) an der Gemeng aus.
Et hu matgemach d'4., d'5. an d'6. Schouljoer vu Crauthem.
De Vernissage as den 24.05 um 19.30 Auer am Festsall vun der Gemeng.
D'Ausstellung as duerno och nach op e Freideg den 25.05. vun 16.00-18.00 an e Samsdeg den 26.05. vun 15.00-17.00 Auer.
Porte Ouverte am Pavillon
30.04.2007E Samsdeg, den 5. Mee ass zu Bierchem an der neier Schoul vun 10-12 Auer "journée portes ouvertes".








