News
News
Tschäriti - Gala
22.04.2007Den 28. an 29. Abrëll ass di 2. Editioun vum Tschäriti Gala am Festsall vun der Réiser Gemeng. D'Schoulkanner sangen, danzen, zauberen, spillen Theater a villes méi. Den Erléis ass fir e gudden Zweck.
Konscht-Event: 29.3.07
20.03.2007Dat 1. Konschtevent ass Donneschdes, den 29. Mäerz vun 16h00 - 20h00 am Festsall vun der Réiser Gemeng. D'Kanner an d'Enseignanten versteen hir Konschtwierker zu Gonschten vun der asbl Colonie de Vacances.
Fir de klengen Honger an de groussen Duuscht ass och gesuergt
Fuesbal
15.02.2007Mir feieren d'Fuesend en Donneschdeg, de 15. Februar 2007 am Centre Cuturel zu Béiweng. Vun 3 bis halwer 6 Auer sin déi Kléng bis 2. Schouljoer un der Rei, vu 6 bis 8 Auer weisen d'Boken vum 3.bis 6. Schouljoer hir Verkleedungen. Wéi ëmmer ass fir Iessen, Gedrénks a Konfetti gesuecht. Déi schéinsten an originelste Boken kréien e Präis.
Galileo Science Mobil
31.01.2007Vum 29. Januar bis den 2. Februar ass de Galileo Science Mobil am Haff vun der Krautemer Schoul ze gesinn. Thema vun dësem Joer ass "Trickkiste Natur". D'Kanner vum 4. bis 6. Schouljoer kënnen mat der Klass staunen an experimentéieren.
Konscht Projet iwwert de Franz Marc
16.01.2007D'Kanner aus dem 3. Schouljoer vum Jeanne Scholtes hu sëch mam Moler Franz Marc beschäftegt, eege Biller am Stil vun dësem Kënschtler gemolt an Texter dozou geschriwwen.
>> Zu de Konschtwierker
Chrëschtmaart 2006
30.11.2006Loscht op Raclette, Glühwäin(natierlech och ouni Alkohol!), Käschten,... a flott Bastelaarbechten. Da komm den 20. Dezember no 16 Auer op eise grousse Chrëschtmaart an der neier Kantin (vis-à-vis vun der Gemeng)! Jiddereen ass wëllkomm!
Net ze vergiessen ass de Chrëschtmaart vun der aler Bierchemer Schoul deen den 13. Dezember ass! Natierlech ass och do jidderee wëllkomm!
d'Schoul ass do !
24.10.2006Di nei Schoul koum pünktlech un an si gët och pünktlech fäerdeg. No der Allerhelljenvakanz dierfen die kleng Bierchemer Kanner an der neier Schoul ufänken. Bis dohinner mussen awer nach vill Këschten geplënnert an vill Miwwelen opgeriicht ginn.
Nei Schoul zu Bierchem
08.10.2006Endlech ass ët esou wäit. Di nei Schoul, déi an Däitschland "virfabrizéiert" gouf, mécht sech den 9. Oktober op schwéieren Fernlasteren op de Wee op Bierchem. Wann alles gudd leeft, ass schon Freides den 13. Oktober alles opgeriicht an d'Spillschoulen an d'Ënnergradklassen kënnen wéi virgesinn an der Allerhelljenvakanz plënneren.
Am Wikiprojet vun der Bierchemer Schoul kënnt Dir Ierch Fotoen aus der Fabrik ukucken.
Schoulufank 2006-07
11.09.2006D'Rentrée scolaire ass e Freideg, de 15. September 2006!
D'Dauer vum éischte Schouldag:
. fir d'Spillschoulen: vun 7.45 bis 11.30 Auer
. fir d'éischt bis d'sechst Schouljoer:
vu 7.45-11.40
All d'Klassen si nomëttes frei. De Schoulrestaurant geet Méindes, den 18. Spetember 2006 erëm op.
Nei Schoul zu Bierchem
01.09.2006Di nei Schoul (rue du chemin de fer) zu Bierchem gët leider nët mat Zäiten fir de 15. September fäerdeg. Dofir hunn d'Enseignanten zesummen mat den Responsabelen no enger Léisung gesicht fir di éischt 6 Schoulwochen ze iwwerbrécken an e qualitativen Unterrecht ze garantéieren. D'Kanner bleiwen bis d'Allerhelljenvakanz um Site vun der aler Bierchemer Schoul. Dëst evitéiert, dass d'Kanner an engem Chantier mussen léieren, an d'Geplënners fënnt och nët an der Schoulzäit statt, sou dass Perturbatiounen vun den Schoulstonnen evitéiert ginn.
Mir hoffen di concernéiert Elteren a Kanner hunn dofir Versteesdemech.








