News
News
Tschäriti Gala
07.03.2006Sonndes mëttes, den 26. Mäerz ass am Festsall vun der Gemeng eng grouss "Tschäriti Gala". Kanner aus de Réiserbänner Schoulen spillen Theater, danzen a sangen fir e gudden Zweck.
Den Erléis ass fir d'ONG "Infante" zu Cochamba an Bolivien.
Natierlech gët ët och e Maufel z'iessen an e Pättchen ze drénken.
Méi Informatiounen an den defintiven Programm kënnt an den nächsten Deeg.
Televie
23.02.2006Kanner aus der Bierchemer Schoul woren d'lescht Woch bei RTL am groussen Studio fir an engem Videoclip matzesangen. "Sunny Days" heescht dat neit Lidd, dat dëst Joër d'Campagne vum Télévie ënnerstëtzt. D'CD an de Videoclip ginn an den nächsten Deeg virgestallt.
D'Kanner hu Berichter geschriwwen, e Virgeschmaach op de Clip gët ët och, kuck eis Fotoen .
Mir feieren d'Fuesend
12.02.2006Den 23. Februar 2006 feiere mer d'Fuesend zu Béiweng am Centre Culturel.
· Fuesbal fir d'Kanner vun der Précoce bis 2. Schouljoer vun
14.30 bis 17.30 Auer
· Fuesdisco fir déi méi Grouss vum 3. bis 6. Schouljoer vun
18.00 bis 20.00 Auer
Déi schéinste Boken gi priméiert, souwuel bei de Kanner wéi bei den Erwuessenen!
Präisser vun den Entréesbilljeëen sinn déi folgend:
· Am Virverkaaf fir d'Kanner 2€ a fir déi Erwuessen 3€.
D'Kanner kréien hei och nach 1 Gedrenks gratis.
· An der Keess den Dag selwer fir d'Kanner 2€ awer ouni
Gedrenks, a fir déi Erwuessen 4€.
De Viirverkaaf vun den Entreesbilljeëen ass Freides, den 17. Februar an der Schoul.
Mir soen Iech am viraus Merci fir ärt Versteesdemech dat mer d'Festivitéit hu missen an zwee Deler splécken a bieden Iech härzlech Iech un d'Altersbeschränkungen ze halen. D'Räimlechkeet zu Béiweng erlaabt eis leider nët all Kanner zesumme feieren ze loossen an dobäi nach d'Sécherheet ze garantéieren.
(Bildquell: Indian Head Resort - Lincoln NH)
Comenius Projet
22.01.2006D'Bierchemer Schoul plangt zesummen mat Schoulen aus Eisträich, Ungarn a Polen en SOCRATES / COMENIUS Projet duerchzeféieren mam Titel "Lernen für die Zukunft in einem gemeinsamen Europa". De Weekend vum 21. Januar wor en éischten Meeting zu Absdorf an Eisträich, wou den "Dossier de Candidature" ausgeschafft gouf.
Wann di national Agenturen den Dossier akzeptéieren, leeft de Projet am September 2006 un.
Fir weider Informatiounen lies ganz einfach eisen Bericht!
Projekt Klimabündnis
23.12.2005Die 5. Klasse von Géraldine Hammerel und die 6. Klasse von Françoise Zens wurden ausführlich von Herrn Mirkes in das Thema Regenwald, anhand von Dias, eingeführt und sollten dann zusammen mit Michel Müller, einem deutschen Künstler, und dessen Frau Elisa, die im Regenwald zur Welt kam und dort aufwuchs, den Regenwald anhand von Bildern repräsentieren.
Unsere Bilder
Schéi Feierdeeg !
21.12.2005Mir wënschen alle Kanner, Elteren, Frënn a Visiteuren schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch an dat neit Joër.
D'Equipe vu roeserschool.lu
Krëschtmaart
07.12.2005D'asbl "Colonie de Vacances" invitéiert e Mëttwoch, den 14. Dezember vun 4 Auer un op hire traditionelle Krëschtmaart.
An der Crauthemer Schoul verkafen d'Kanner op ville Stänn flott Dekoratiounsartikelen, an e gudde Maufel däerf natierlech och nët feelen: um Menü stinn Kaffi a Kuch, Paangecher, Croque Monsieur, waarm Wirschtecher mat Sauermous, ...
bis dann !
Mady Delvaux-Stehres op Besuch zu Réiser
30.09.2005Den 29. September koum d'Educatiounsministesch, d'Madame Mady Delvaux-Stehres op Réiser fir sech iwwer déi verschidden Projeten ze informéieren, déi am Moment an eise Schoulen fonctionnéieren. A Begleedung vum Schäfferot an der Inspektesch, Francine Vanolst, goung d'Visite zu Bierchem (Projet "schoulID") un, duerno goung ët op Crauthem, wou eis Mediathéik, D'EDIFF an den Filmprojet virgestallt goufen.
Rentrée 2005/2006
15.09.2005No enger laanger an erhuelsamer Vakanz fänkt en Donneschdeg, den 15. September d'Schoul erem un. Den éischten Schouldag kommen d'Kanner direkt ganz normal um 7:45 an d'Schoul a bleiwen bis 11:30 (Spillschoul) resp. 12:15 (Primärschoul).
Schoulfest 2005
04.07.2005Als Oofschloss vum Schouljoer 2004/2005 ass en Donneschdeg, de 14. Juli vu 15.00 bis 21.00 Auer am Haff vun der Crauthemer Schoul, der Précoce an der Spillschoul eist grousst Schoulfest.
Vun 15.00 bis 18.00 Spiller am Schoulhaff:
Elefantespill, Gesichter molen, Mikado, Mensch ärgere dich nicht...
Ab 18.30 Auer: Grousse Spektakel
Course parrainée
Wie fiert um längsten? Eng Ausdauerkurs fir all d'Schüler: déi Kleng fuere am Haff vun der Précoce an der Spillschoul ronderëm d'Schoul, déi Grouss weisen um Hometrainer wat se drop hun.
Kulinaresches:
Fir Iessen (Gegrilltes, Chicken Nuggets, Fritten, Eisekuchen a Kaffisstuff) a Gedrénks ass gesuergt.
Den Erléiss vum Fest kënnt der Colonie de vacances zu gutt, déi all Joer déi Klassen, déi an d'Colonie fueren, ënnerstëtzt.
Fotoen uweisen









