News
News
Fuesbaal vun der Vakanzcolonie
27.01.2005Fir all Fuesboken ass en Donneschdeg, den 3. Februar Rendez-vous am Centre Culturel zu Béiweng an dat tëschend 15.00 an 18.00 Auer. Fir Animatioun ass gesuecht.
De schéinste Book gewënnt e Preis!
Den Erléis kënnt eise Klassen, déi an d'Colonie fueren, ze gutt.
Gesondheetswoch an eise Schoulen
18.01.2005An der Woch vum 17. bis den 21. Januar gët an eise Schoulen eng Gesondheetswoch organiséiert. Do gin d'Kanner bekannt gemaach mat denen 3 Iesswuerefamillien, mat gesondem Kaffis-a Pauseniessen a Gedrénks asw. Mä fir ze iwwerzegen, geet d'Schwätzen net dur. All Dag gin aner Klassen an d'Kantin a schmaachen, probéieren a preparéieren gudd a gesond Iessen a Gedrénks. Déi meescht si begeeschtert, an esou hun och schons zwou Klassen decidéiert a Plaz an der Paus Kuch ze verkafen op Uebstzalot ëmzeklammen.
Op enger "Soirée des parents" den 18. Januar um 19.30 an der Schoulkantin zu Crauthem zum nämmlëschten Thema gin dann och déi interesséiert Elteren informéiert iwwert
- déi 3 Iesswuerfamillien
- d'Zesummesetzung vun engem gesonde Frühstück a Pauseniessen
- d'Nährwerter vun den Nahrungsmëttel an
- d'Liesen an d'Interpretéieren vun der Etiquette op der Verpackung vu Liewesmëttelen.
Mee och si därfen a solle schmaachen an esou erausfannen: gesond Iessen ass lecker.
Konferenz iwwer Schreiwen a Liesen
13.01.2005
En Dënschdeg, den 11. Januar haten d'Enseignanten vu Bierchem all d'Elteren an de Centre Culturel op eng Konferenz iwwer "Liesen- a Schreiwenléieren" invitéiert. Ronn 80 Elteren, Studenten a Vertrieder vun der Schoulkommissioun an Inspektorat hunn interesséiert nogelauschtert, wéi dat mam Schreiwen an Liesenléieren "funktionnéiert". Mat klengen Filmer a villen Kannerdokumenter gouf demonstréiert, wéi aus onlieserlechem Gekritzels op eemol Wierder an duerno kleng Geschichten entstinn.
Am Cader vum Bierchemer Projet d'Ecole, wou ënnert anerem versicht gët den Iwwergang vun der Spillschoul an den Ënnergrad méi fléissend ze gestalten, fänken vill Kanner schon an der Spillschoul un, sech fir d'Schrëftsprooch ze interesséieren.
Vill Gléck am neie Joër !
04.01.2005Mir wënschen alle Leit, déi eisen Internetsite besichen en glécklecht, neit Joër an eng gudd Gesondheet. Och dëst Joër probéieren mir nees vill interessant Saachen op eisen Säiten ze publizéieren.
Ët ass och geplangt den Internetsite "ëmzebauen", eventuell esou guer deem Ganzen en neien "Look" ze ginn. Mee dat dauert nach e wéineg !
Bis dohinn, vill Spaass beim Kucken a Liesen.
Invitatioun: Krëschtmaart
09.12.2004![]() | E Mëttwoch, den 15. Dezember invitéieren d'Schüler an d'Léierpersonal aus der Réiser Gemeng ab 16 Auer op hiren traditionellen Krëschtmaart an der Crauthemer Schoul. Op den Bastelstänn kënnt dir flott Krëschdag-Artikelen kafen. Awer och fir ärt kulinarescht Wuelbefannen ass gesuecht: Et gët Wirschtescher matt Sauerkraut, Raclette, Panescher, Käschten a Glühwäin! Organisatioun: Colonies de Vacances Réiserbann ASBL |
Roeser on Ice
25.11.2004![]() | Den 18. an den 25. November konnten vill Schoulklassen aus dem Réiserbann een flotten an ofwiesslungsräichen Moien op der Kockelscheier Äispist verbengen. D'Fotoen vun eisen jonken Äiskonschtleefer an Akrobaten kënnt dir iech elo hei ukucken. Een décken Merci un den John Welter, deen dës Aktioun erem organisiéiert huet! >> Fotogallerie mat 15 Biller |
Buchvirstellung: KAROGATTO (mam Guy Rewenig)
30.09.2004E Freideg, den 8. Oktober stellt de Guy Rewenig säin neit Buch "Karogatto" vir, dat hien zesumme mam Irma Krauß geschriwwen huet. D'Zeechnungen si vum Annick Sinner. All Schüler aus dem 4. 5. a 6. Schouljoer kommen an de Genoss vun dëser Virstellung. Am Buch si Geschichte vu Kazen an vun Hënn.



Link: Eng kleng Hörprobe vum Guy Rewenig (955 kb)
Schoulfest den 13. Juli
02.07.2004Dënschdes, den 13. Juli ab 16 Auer ass am Haff vun der Crauthemer Schoul eist traditionellt Schoulfest.
Vun 16.00 bis 21.00 Bodykicker am Schoulhaff ! !
Vun 16.00 bis 18.00 Kleng Spiller am Schoulhaff:
Kelespill, Heisser Draht, Baamspill, Pétanque, Rondel an dFläsch, Intefëschen, Braceleen maachen, Gesichter gemolt kréien,
Ab 18.00 Auer: Roeser Sucht den Superstar (Danzen a Gesang)
D'Kanner versichen, sech an den Kategorien "Danzen" a "Sangen (live)" als Superstar ze beweisen.
Kuckt dem Léierpersonal déif an d'Aen
Komm a sich dir däi Formulär fir bei eisem Aen-Quiz matzemaachen vun 16.00 un a gëff en bis 18.00 um Stand of.
Kulinaresches:
Fir Iessen (Paëlla, Gegrilltes, Fritten, Eisekuchen a Kaffisstuff) a Gedrénks ass gesuergt.
Mëttwochs owes, den 14. Juli feieren di Bierchemer Schoulkanner zesummen mat hieren Elteren an dem Léierpersonal d'Enn vum Schouljoër, oder besser gesot, den Ufank vun der Summervakanz.
Wéi all Joër gët och des Kéier erëm gegrillt a fir Animatioun ass och gesuergt.
Den Erléis vun den Schoulfester geet un d'Colonies de Vacanes Réiserbann a.s.b.l. an erlaabt et, de Schoulklassen vu Réiser hir Kolonien ze sponsoren.
Link: Colonies de Vacances Réiserbann
Coupe Scolaire den 27. Mee
22.05.2004![]() ![]() | Wéi all Joer organiséiert d'Elternvereenegung aus dem Réiserbann, an Zesummenaarbecht matt der Sécurité Routière, der Réiser Gemeng an der Schoul, d'Coupe Scolaire. Zweck vun deser Manifestatioun ass et, d'Kanner aus den 5. an den 6. Schouljoer ze léieren, wéi si sech mam Velo richteg op der Strooss verhalen sollen. Am Virfeld gouf an den Klassen d'Theorie präpaéiert an d'Kanner hunn een theoreteschen Test geschriwen. Den nächsten Donnegdeg fueren d'Kanner dann mam Velo een Wee vun enger Véirelsstonn duerch de Réiserbann. Op villen Kontrollpunkten get gekuckt, op d'Kanner sëch un d'Vekéiersreegelen halen (Richtung mam Aarm uweisen, no hannen kucken, Virfahrtsregelen beuerchten...) Tëschent allen Kanner, déi gudd an der Coupe ofschneiden, get zum Schluss een Finalist ausgeloust, deen un der nationaler Final deelhuelen kann. >>> Fotoen vum leschten Joer (Hoffentlech ass d'Wieder dest Joer besser!) |