News
News
Nei Méiglechkeeten fir Projets
21.11.2001Vun elo un sinn eng Rei Projets online, un deenen sech all Klasse bedeelege kënnen. An deene nächsten Deeg kritt all Enseignant e Passwuert, matt deem een sech an e Projet aloggen an ännerunge maache kann. Folgend Themeberäicher si bis elo dobäi: 'Dschungel', 'Der wilde Westen', 'Geschichte', 'Geographie', 'Fledermäuse und Vampire', 'Wasser und Meer', 'Unterhaltung', 'Transport und Verkehr', 'Tiere und Pflanzen', 'Sterne und Weltraum', 'Musik', 'Musikinstrumente' a 'Wissenschaft und Technik'. Ausserdeem gët et ee Projet wou ee schreiwe ka wat ee wëll, sou dass een übe ka fir mam neie Programm eens ze ginn (den übungsprojet heescht 'TestWiki'). Wann dir eppes wëllt zu engem Projet bäidroen da klickt einfach uewe riests op der Säit op 'Edit', da kommt der automatesch an de Programm fir d'Projets ze editéieren.
D'Gemeng Réiser ass domatt déi éischt hei am Land, déi an der Schoul Wiki-Technologie asetzt. Et handelt sech dobäi em eng Technologie déi entwéckelt gouf fir grouss Projets matt einfache Mëttelen schnell ëmzesetzen, Wikien ginn ënner aanerem benotzt fir Dokumentatiounen am Betriebssystem-Beräich ze entwéckelen, an och vill grouss Firmen setzen intern op dës Technologie (zB Motorola an SAP).
www.roeserschool.lu accessibel
16.11.2001Zënter haut kann een eisen Internet Server och iwwer d'Domain 'www.roeserschool.lu' erreechen. Et spillt dobäi keng Roll ob een 'roeserschool.lu' , 'www.roeserschool.lu' , 'roeserschool.net' oder 'www.roeserschool.net' am Browser agët, et kënnt een ëmmer op eisem Site eraus. Bei den eMail Adressen ass dat awer (nach) nët esou, hei muss een ëmmer 'roeserschool.net' benotzen (zB 'info@roeserschool.net').
Véier Klasseprojets online!
06.11.2001Et sinn elo scho 4 Klasseprojets op eisem Site, déi een hei besichtege kann:
- Kanner Molen vum Francis Kohn
- Texter aus dem 3. Schouljoer vum Eric Falchero
- Kolla Indios vum Paul Klein
- Eis Gemeng vum Paul Klein
E neien #!*Internet Site fir d'Réiserbänner #!*Schoulen
05.11.2001Vun haut un ass eise neien Internet Site online. Nach ass net alles färdeg, a verschidde Beräicher sinn nach net aktivéiert, mee dat wärt sech awer geschwënn änneren. Besonnesch interessant ass am Moment d'Online-Versioun vun eiser Mediathéik, wou der iwwer Internet an Intranet kënnt an eise Bicher wullen.
Nei #!*Mediathéik an der Schoul vu Crauthem
14.10.2001Eis nei Mediathéik ass elo op, se befënnt sech am Keller vun der Crauthemer Schoul a bitt par Rapport zur aaler Bibliothéik op duebelt sou grousser Fläch méi Bicher an ausserdeem vill aaner Artikelen, dorënner Filmer, CD-ROMen, Kaarten, didaktescht Material a villes méi. Net alles ass direkt verfügbar, mee mir probéieren esou schnell wéi méiglech all Artikelen an de Computer eranzegin.