Zum Haaptinhalt sprangen

News

News



Eischt Viregt Nächst Lescht

En Adventskalenner emol anescht BRAVO

20.12.2019

Eng flott Aktion vun der Klass vum Jennifer Nestler a vum Ben Nettgen, déi 85 Adventskalennertuten mat Iessswueren an Hygieneartikel, dem Cent Buttéck zu Beetebuerg gespend hunn.
Duerch eng rieseg Kollekt an der ganzer Schoul, konnten d'Kanner e Mëttwoch hier zesummegestallten Tuten an de Cent Butték brengen. Am Cent Butték kënne nëmme bedürfteg Leit sech daat noutwendegt fir ze Liewen siche goen.



Schlittschongpiste 2019

25.11.2019

Et ass Traditioun! All Joer geet d'Réiser Schoul op d'Kockelscheier op 
d'Schlittschongpiste. Wéi all Joer hate mir erëm vill Spaass. Kuckt 
selwer!
Merci dem Sportsgrupp fir d'Organisatioun, dem Gilles an dem Gianni 
fir den Transport, der Gemeng fir d'Erméiglechen, an den Elteren di 
gehollef hunn.



Aktiv Paus

27.09.2019

Ab nächster Woch ass et nees esou wäit. All Kanner kennen sech flott Spillsaachen ausléinen kommen fir an der Paus domat ze spillen.





Äddi Streitschlichter

12.07.2019

Mir soen eisen "alen" Streitschlichter déi eis elo fir de Lycée verloossen Äddi! Villmools Merci fir di gutt Aarbecht déi dir als Streitschlichter geleescht hutt, a mir wënschen iech nëmmen dat bescht op ärem weideren Liewenswee!
Och de Coachen e grousse Merci fir hiren Asaz!






Lieschallenge: Detailer

04.07.2019

Mir si ganz houfreg iech matzedeelen, dass d'Kanner aus der Réiser Schoul e Bierg vu 36 Meter Bicher gelies hunn!!!

A mat deem Riesebierg hunn si 6.045€ gesammelt ginn di muer um Schoulfest wäerten iwwerreecht ginn un:
- Millipap
- Kolla Indios

Mir kënne ganz stolz op eis Schüler sinn!



Colonie: Klassen Hammerel an Zens gutt ukomm

02.07.2019

De Cycle 4 (Klassen Hammerel an Zens/Homan) si gutt zu Lëltz ukomm.
Mir wënschen hinnen vill Spaass!



Colonie: Klassen Braun a Jung gutt ukomm

01.07.2019

Mir si gutt an der Kolonie zu Bitburg ukomm. Mir freeën eis op e puer flott Deeg ;-)



Colonie: Klass Nestler gutt ukomm

01.07.2019

Dem Jennifer Nestler an Annick Brix hier Klass (Cycle 3.1) si gutt zu Dreisbach ukomm.
Mir wënschen hinnen vill Spaass!



Colonie: Klass Meyrer gutt ukomm

19.06.2019

D'Klass vum Sandra Meyrer (C2.2) ass gutt zu Iechternach an der Jugendherberge ukomm.
Mir wënschen hinnen vill Spaass!



Eischt Viregt Nächst Lescht