News
News
Clever move Parcouren
24.02.2019Am Kontext vu "Clever Move" huet de Sportsgrupp an de Réiser Schoulen
d'Iddi lancéiert eis Gäng zu flotte Beweegungs-Raim a Parcoursen
ëmzegestalten. An Zesummenaarbecht mam Léierpersonal an de Kanner
goufe faarweg Beweegungsweeër ausgeschafft an "opgepecht". D' Zil vun
dësen dekorative Weeër ass eis Kanner zum "kreative Beweegen"
z'animéieren, séi et wann d'Schoul ufänkt, wärend de Schoulstonnen
oder nom Schoulschluss. Jee no Wee gëtt eng aner Beweegung
duerchgefouert (lafen, sprangen, hopsen,...) an dëst mat vill Spaass a
Freed. Hei e puer Andréck vun eise Weeër:
» Galerie
Kolonie Cycle 3.2
05.02.2019Léif Elteren,
Léif Famill a Frënn,
De Cycle 3.2 vu Bierchem aus dem Pavillon ass gutt zu Cochem ukomm :) Mir fréeën eis op eng flott Kolonie.
Léif Gréiss
Fuesbal / Fuesdisco
01.02.2019D' a.s.b.l. colonies de vacances organiséiert erëm fir eis Kanner de Fuesbal an d'Fuesdisco.
Wéini: 12. Februar 2019
Wou: Centre culturel Bivange
De Fuesbal ass fir d'Kanner vum Cycle 1&2 vun 15.00 - 17.30 Auer.
D'Fuesdisco ass fir d'Kanner vum Cycle 3&4 vun 17.30 - 29.30 Auer.
Weider Detailer fannt Dir am Flyer ënnen an der Galerie!
Mir freeën eis op Iech!
» Galerie
Eise Buschauffer Guy geet an d'Pensioun
20.01.2019Laang Joren huet de Guy d'Schüler an d'Léierpersounen hin an hier gefouert. Vill Kilometeren hu mir zesumme gemaach. An ouni säin Engagement wiere vill vun eise Sortien net méiglech gewiescht!
Dofir wollten d'Enseignanten an d'Kanner dem Guy en décke MERCI soen ier hien a seng wuelverdéngte Pensioun geet.
Och nach eemol op dësem Wee: Merci Guy fir deng Aarbecht an däin Asaz!
Wantermaart
09.12.2018No engem Joer Paus, organiséiert d'Colonies de vacances a.s.b.l dëst Joer erëm den traditionellen Wantermaart.
Wéini: 19. Dezember 2018
Wou: Schoulhaff a Buvette Krautem
Auerzäit: vu 16 Auer bis 19 Auer
Wat erwaart Iech: leckert Iessen, Glühwäin, Kaffisstuff, an e speziellen Optrëtt!
Mir freeën eis Iech do ze begréissen!
» Galerie
Schlittschongpiste 2018
29.11.2018Et ass schonn Traditioun! All Joer geet d'Réiser Schoul op d'Kockelscheier op d'Schlittschongpiste. Wéi all Joer hate mir erëm vill Spaass. Kuckt selwer!
Merci dem Sportsgrupp fir d'Organisatioun, dem Guy fir den Transport, der Gemeng fir d'Erméiglechen, an den Elteren di gehollef hunn.
» Galerie
Film Peer Mediatioun
27.07.2018Eis aktuell Streitschlichter hunn ënnert der Leedung vum Conny Scholler, Nadine Sunnen a John Welter e Film gedréint fir ze erklären wéi eng Mediatioun ofleeft!
Dir kënnt iech dëse Film ënnert folgendem Link ukucken:
Médiateurs
Merci Conny fir deng super Aarbecht beim Schneiden vum Film, a Merci all de Streitschlichter déi an hirer Fräizäit an d'Schoul komm sinn fir dëse Film ze dréinen! Wat en Engagement!