News
News
Besuch vum Yannis Bastian
20.06.2018De Yannis Bastian huet mat sengem Vëlo en Tour ronderëm d'Welt gemeet.
E wor op 5 Kontinenter, a 37 Länner an huet am ganzen 32.187 km zeréckgeluecht.
Hien huet de Kanner vum Cycle 4 gezielt, wéi en op déi Idee komm ass an wat en esou alles op senger Reess duerch d'Welt erlieft huet.
Et wor immens interessant an et huet de Kanner ganz gutt gefall.
Weider Informatiounen kann een nach op Facebook fannen:
Yannis' World Cycling Adventure
» Galerie
Colonie C4
20.06.2018Dem Tom Dosser an dem Olivier Rodesch hier Klasse si gudd zu Esch-Uelzecht ukomm.
Geschécklechkeetsparcours
13.06.2018Och dëst Joer haten d'Kanner aus em Cycle 4 aus der Réiser Schoul erëm d'Chance un engem Geschécklechkeetsparcours, dee vum John Welter op d'Been gestallt gouf, Deel ze huelen. D'Kanner konnten e bëssen mat hirem eegene Vëlo fir d'Coupe scolaire üben andeems se verschidden Atelieren mam Vëlo hu missen duerchfueren (Slalom fueren, iwwert e Briet fueren, schaf bremsen, mam John a mam Olivier duerch d'Cité fueren,...). Dëst Joer ass de John tatkräfteg vun der APE ënnerstëtzt ginn.
Nei wor dëst Joer, datt d'Kanner de Vëlo deen Dag vum Geschécklechkeetsparcours scho kontrolléiert kruten. Wann eppes net an der Rei wor kruten d'Kanner en Ziedel mat heem, wou drop stoung wat nach misst fir den Dag vun der Coupe scolaire um Vëlo gemaach ginn.
D'Kanner vum Cycle 4.2 kréien och dëst Joer erëm e Führerschäin vun der APE iwwerreecht.
Mir soen em John Welter, em Olivier Rodesch, dem Gyl Nicolas, der APE an den Elteren déi gehollef hunn villmools Merci fir hir Hëllef. Ouni si wier déi flott a wichteg Aktivitéit net realiséierbar gewiecht.
» Galerie
Fussballturnéier
31.05.2018Freides virun der Vakanz stoung d'Réiser Schoul ganz am Zeechen vum Fussball!
De Sportsgrupp hat e wonnerbart Fussballturnéier fir eis Schüler organiséiert!
Mir hate vill Spaass!
» Galerie
Liesung mat der Mme. Viviane Daman
09.05.2018De Mediathéiksgrupp hat eng Liesung mat der Madamm Daman organiséiert fir de Cycle 3 + 4.
Hei e puer Fotoen!
Merci der Equipe aus der Mediathéik fir hiren Asaz!
» Galerie
clever move um Gank
01.05.2018Am Kader vum Projet "clever move" hat sech de Sportsgrupp eppes Flottes afale gelooss.
Di Woch no der Vakanz huet all Dag eng Bewegungsaktivitéit um Gank stattfonnt wou all d'Kanner drun deel geholl hunn.
Merci dem Sportsgrupp fir dës Initiative, et war immens flott!
» Galerie
Fuesbal/Fuesdisco
29.01.2018D' a.s.b.l. colonies de vacances organiséiert erëm fir eis Kanner de Fuesbal an d'Fuesdisco.
Wéini: 6. Februar 2018
Wou: Centre culturel Bivange
De Fuesbal ass fir d'Kanner vum Cycle 1&2 vun 15.00 - 17.30 Auer.
D'Fuesdisco ass fir d'Kanner vum Cycle 3&4 vun 18.00 - 20.00 Auer.
Weider Detailer fannt Dir am Flyer!
Mir freeën eis op Iech!
Schlittschongspiste
05.01.2018Et ass schonn Traditioun! All Joer geet d'Réiser Schoul op d'Kockelscheier op d'Schlittschongpiste. Wéi all Joer hate mir erëm vill Spaass. Kuckt selwer!
Merci dem Sportsgrupp fir d'Organisatioun, dem Guy fir den Transport, der Gemeng fir d'Erméiglechen, an den Elteren di gehollef hunn.
» Galerie
roeserschool goes clever move
30.11.2017D'Réiser Schoul huet sech entscheet beim Projet "clever move-Léieren a Beweegung" matzemaachen. Bei dësem Projet geet et drëms de Kanner all Dag 15-20 Minutte Beweegung ze erméiglechen, dëst nieft den normale Pausen a Sportstonnen.
Verschidde Studien hu gewisen, dass eist Gehir besser duerchblutt, also méi aktiv ass, wa mir eis bewegen. Dës Erkenntnisser wëlle mir eis an der Schoul zu Notze maachen.
Och ass et erwisen, dass ëmmer méi Kanner Iwwergewiicht hunn. Och deem wëll dee Projet entgéint wierken.
Mir freeën eis op deen Challenge!
Weider Infoe fannt dir hei:
Diplom Streitschlichter
18.10.2017Den 13. Oktober kruten eis frësch ausgebilte Streitschlichter hiren Diplom am Lycée Robert Schuman iwwerreecht an zwar vum Georges Metz (Direkter SNJ)
a vum Luc Weis (Direkter SCRIPT).
Mir si ganz stolz op si!








