News
News
Klassen gutt am Centerparc ukomm
04.07.2011D'Klass vum Géraldine Hammerel an d'Team aus dem 3. Cycle (Braun, Buchette, Jung) si gutt an Holland ukomm.
4 juillet - classes bien arrivées au Centerparc
La classe de Géraldine Hammerel ainsi que le team du cycle 3 (Braun, Buchette, Jung) de l'école de Crauthem sont bien arrivés aux Pays-Bas.
MERCI fir d'Hëllef!!! Groussen Erfolleg vum Schoulfest
02.07.2011Flott Ambiance, gutt Iessen a virun allem vill motivéiert Leit hu gemach, dass d'Schoulfest och dëst Joer erem e groussen Erfolleg ginn ass. Trotzdeem, dass 3 Klassen nach an der Kolonie waren, war de Schoulhaff gutt mat Leit a Kanner gefëllt, déi giess a gedronk hunn, an anerer, déi esou flott matgehollef hunn ze schaffen. Dofir e grousse MERCI.
Den 1. Juli ass erem Schoulfest zu Crauthem
28.06.2011Et ass neess esou wäit! Spill, Spaass a gudd Iessen an Drénke fir jiddferee stinn u fir e Freideg, den 1. Juli 2011. Wéi ëmmer gëtt et Gegrills, Zaloten, Fritten, Kuch, ... a genuch vun allem ze Drénken.
Ufank: 16 Auer (mat engem groussen Gänsespill)
Enn: 21 Auer/ Da gëtt esou lues erem alles agepaak.
Ab 18h30 Auer fënnt eng Talentshow statt, bei deem all d'Kanner weise kënnen waat esou an hinnen stecht.
Kontschevent 19. Mee an der Salle "Francis Blouet" an der Gemeng
14.05.2011Dir kënnt vu 16 Auer bis 19.30 Auer ärt Angeboot fir e Bild, wat vun de Kanner gemoolt ginn ass, ofginn. Ab 19.30 Auer kritt deen, deen am meeschte gebuerden huet, d'Bild mat Heem.
Déi Leit, déi zu deem Zäitpunkt net méi do sinn, kréie vun eis ugeruff, a kënnen d'Bild Freides ab 16.00 Auer an der Krautemer Schoul ofhuelen.
Um 19.30 Auer gi Biller, déi Enseignanten aus der Réiser Gemeng gemollt hunn, versteet!
Fir de klengen Honger ass gesuergt a fir de groussen Duuscht och! Mir géingen eis freeën, Iech den Dag begréissen ze kënnen.
Fitnessswoch am 2. Trimester
07.03.2011Am Kader vun de Sportsdeeg, gëtt no dem Schlittschongfueren am 1. Trimester eng Fitnesswoch am 2. Trimester organiséiert. Des fënnt statt an der Woch vum 7. op den 11. Mäerz. Iwwert d'Woch verdeelt ginn dann déi verschidde Cyclen an d'Haal a fänken de Moien mat e bessi Fitness un. Esou wëll de Sportsgrupp jiddereen drun erënneren, dass et wichteg ass sech fit ze halen a fit ze bleiwen. Nom Motto: "an engem gesonde Kierper ass och e gesonde Geescht"! Daat ganzt ass natierlech ëmmer mat Spaass verbonnen. Deemno alle Kanner vill Spaass beim beweegen. Daat ganzt fënnt an der Turnhal statt. Natierlech sinn och all d'Enseignanten mat vollem Asaatz derbai.
2012/2013 Vergréisserung vun dem Pavillon
04.03.2011Elo steet et fest, dass de Schoulpavillon zu Bierchem, deen 2006 gebaut ginn ass, vergréissert gëtt. Daat fir 2,3 Milliounen Euro. Fest steet elo awer och, dass et keen aneren Schoulkomplex am grousse Bauprojet "Jardin du Roeserbann" méi soll ginn. Wéi de Gemengerot gesoot huet, wäert et och an Zukunft just 2 Standpunkter fir Schoulkomplexer an der Gemeng zu Réiser ginn. Bierchem Béiweng soll och an Zukunft vergréissert a moderniséiert ginn. Kleng Kartiersschoulen soll et an der Gemeng net ginn. Gemeng baut op grouss an zentraliséiert Schoulen
Konscht am Schrott - Hëlleft mat ofstëmmen
14.02.2011| Bei der Aktioun 'Konscht am Schrott', organiséiert vun der Superdreckskëscht hunn och e puer Klassen aus der Schoul vu Réiser deel geholl. Gitt op de Link hei ënnendrënner a wielt fir d'Leit aus eiser Shoul. Deelgeholl hunn A3 / Gaby -> Ediff B12 / Marie-Pierre -> Ediff B16 / Françoise (Brigitte) -> Cycle 4.1 B17 / Géraldine (Brigitte) -> Cycle 4.2 B18 / Liliane (Conny) -> Cycle 4.2 C1 / Sylvie -> Ediff Ofstëmmen hëllefen!! Gitt de Leit 60 vu 60 :-) Daat wier super!! Well déi Konschtwierker si formidabel ginn. | ![]() |
Kannerfuesbaal zu Béiveng / Organiséiert vun der Colonie de Vacances
02.02.2011Eise Kannerfuesbal ass dëst Joer de 17. Februar vu 15:00-17:30 fir Kanner aus de Cyclen 1 an 2 a vu 18:00-20:00 Auer fir d'Kanner aus de Cyclen 3 a 4. Wéi schonns déi Jore virdrun ass en erem am Centre Culturel zu Béiweng.
Fir Kanner kascht ët 2 € (mat engem Gedrénks) fir matzefeieren. Erwuessener bezuelen 3 € am Virverkaaf oder 4 € den Dag selwer.
Mir hoffen iech do mat äere Kanner begréissen ze kënnen. Eis Fuesboken wäerten genuch ze Drénken an ze Iessen kréien, esou dass si net vun de Been faalen.
Offiziell Eröffnung vun der Mediathéik
31.01.2011Eis Mediathéik ass e Freiden, den 28. Januar offiziel ageweiht ginn. De Buergermeeschter, de Schefferot, verschidde Memberen vun de Elterevertrieder a vun der Schoulkommissioun hunn sech vun der flotter erneierter Mediathéik iwwerzeege kënnen. D'Kanner profitéieren awer schonns sait Oktober vun der Mediathéik.
An eiser Mediathéik ginn et am Moment 10285 Artikelen, dorënner Bicher, Schoulbicher, Filmer, CDen, CD-ROMen, Kaarten, didaktescht Material, Computermaterial ... D'Mediathéik befënnt sech an der Schoul zu Crauthem.
Schnéifrai um 17. Dezember / Dispense des cours dans les écoles 17 décembre
17.12.2010De Ministère de l'Eudcation Nationale deelt mat, dass de 17 Dezember keng Schoul ass. Daat ass elo schonns déi 2. Kéier, dëse Wanter. Och schonns d'läscht Woch, de 9. Dezember waren d'Kanner vun der Schoulobligatioun frai gestallt ginn. Fir déi e bessi méi "aal" Generatiounen, war 1983 fir déi läschte Kéier Schnéifrai. Och wann deemols daat villt Ais den Haaptgrond war.
Vill Spaass am Schnéi!
Dispense des cours dans les écoles publiques aujourd'hui, vendredi 17 décembre
En raison des intempéries, le ministère de l’Éducation nationale et de la Formation professionnelle dispense les élèves des cours des écoles fondamentales et post-primaires publiques pour la journée du 17 décembre 2010.










