News
News
Flott Ambiance um Chrëschtmaart
16.12.2010Flott Stänn, gudd Iessen an eng flott Ambiance hu gemach, dass d'Ausgabe vum Chrëschtmaart 2010 e groussen Erfolleg war.
Bettina B. d'Präsidentin vun der "Colonie de Vacances": "Ech wollt jidderengem villmools Merci soen dee gehollef huet, dass de Chrëschtmaart esou e groussen Erfolleg ginn ass, an och nach en extra décke Merci de ville Léit déi gehollef hunn Ofrichten, Spullen, etc. Sou fréi ware mir nach ni fäerdeg!!! ;)"
Schéi Feierdeeg
Chrëschtmaart 2010 zu Krauthem an der Schoul
12.12.2010Wien Loscht huet op flott Chrëschtdaagsstëmmung a gudd Iessen, invitéiere mir e Mëttwoch de 15. Dezember, vu 16 bis 20 Auer, op eise Chrëschtmart an der Krauthemer Schoul. De Chrëschtmart gëtt vun de Kanner an den Enseignanten aus der Réiser Gemeng organiséiert. (Mat frëndlecher Ennerstetzung vun de Gemengenaarbechter).
D'Kanner präsentéieren hier flott Bastelaarbechten a bei guddem Iessen an engem Glühwain (et gëtt natierlech och Softdrinks) kann een den Owend dann ausklénge lossen.
Bis hoffentlech e Mëttwoch.
PRS - Resultater
19.11.2010An Zesummenaarbecht tëschend dem Comité d'Ecole an den Elterenvertrieder hunn zwee flott Owender statt fonnt. Esou munchen Elterendeel hat sech zu Béiveng am Centre Culturel afonnt, fir d'Resultater ze gesinn an awer och iwwert méiglech Zieler fir de PRS matzediskutéieren. Ennert der Moderatioun vum Pino Fiermonte goufen d'Resultater vun de Questionnairen publizéiert an diskutéiert.
Hei fannt dir dann d'Resultater vun de Questionnairen.
Schlittschongfueren
10.11.2010Juhuuuuu
Wéi schonn déi Jore virdrun gi mir erem Schlittschong fueren. Den 10. an den 11. November ginn d'Kanner aus dem Réiserbann mat der Schoul op d'Kockelscheier a machen do d'Schlittschongpist onsecher :-) E grousse Merci un de John, deen daat ganzt, wéi schonns déi Joren virdrun organiséiert huet. Esou musse mir alleguerten just nach dohinner goen, a kënnen eis um Ais ameséieren!! Juuuuhuuuuu Da wënsche mir jidderengem wéi ëmmer "Hals- und Beinbruch" a vill Spaass.
PRS-Owender den 16. an den 18. November
02.11.2010Léif Elteren, léif Enseignanten
Heimat wëlle mir just drun Erënneren, dass d'Elterevertrieder an zesummenaarbecht mat dem Comité d'Ecole 2 Informatiouns- an Diskusssiounsowender organiséieren. Daat zum Thema PRS (Plan de Réussite Scolaire). Hei ginn dann och déi verschidde Reslutater vun de Questionnairen publizéiert, déi d'Elteren, d'Kanner wéi och d'Enseignanten ausgefëllt hunn. D'Agence de Qualité huet déi Questionnaire ausgewärt an de 16. an den 18. November kann een sech doriwwer informéieren an austausche kommen.
Déi 2 Owender fannen am Centre Culturel zu Béiveng statt!
Déi 2 Owender gi moderéiert vum Pino Fiermonte an fänken jeweils um 19 Auer un.
D'Präsentatioun vun de Resultater ass op Lëtzebuergesch mat simultaner Iwwersetzung of franséisch!
Weihnachten im Schuhkarton
29.10.2010Dëst Joer huet den TCM 3 (Team Cycle Moyen) bei der Aktioun "Weihnachten im Schuhkarton" matgemach. Heimat kréien aarm Kanner an östleche Länner e klenge Kado. Et geet drems, deenen Ärmsten vun den Ärmsten fir Chrëschtdag eng kleng Freed ze machen. Mir haten just 2 Wochen, an deene d'Kanner mat der Ennërstetzung vun den Elteren an den Enseignanten Schongkartonen gesammelt a mat neie Saachen gefëllt hunn. An all Këscht koumen Spillsaachen (Petzi, Autoen, Poppen), Gezai (Mutz, Hänschen, Strëmp,...), verschidde Séissegkeeten (Schokla, Kamellen,..) mee och Saachen wéi Seef an Zännbiischt mat Zahnpasta, Faarwen an Hefter,....
Voller Stolz krute mir mat der grousser Mathëllef vu jidderengem aus dem TCM 21 Këschten zesummen. Eis Kadoen ginn zesummen mat anere Këschten aus Lëtzebuerg en Dënschden, den 2. November op Bitburg an eng Sammelstell gefouert. Vun do aus geet et dann an den Osten. D'Këschten déi vu Lëtzebuerg kommen, ginn dëst Joer a Rumänien, wou a verschiddene Regiounen d'Leit a ganz arme Situatioune liewen. Mat Weihnachten im Schuhkarton versiche mir e klenge Baitrag ze leeschten, fir, dass d'Kanner e bessi méi flott Chrëschtdaag kréien.
Wéngst dem groussen positive Feedback vun deenen anere Klassen, versiche mir daat nächst Joer esou vill wéi méiglech Klassen aus der Réiser Gemeng dozou ze mobiliséieren (merci Françoise) fir bei der Aktioun matzemachen.
E grousse MERCI un d'Laura R. waat sech dëst Joer drems gekëmmert huet, dass all déi Këschte vu Lëtzebuerg op Bitburg kommen.
Zevill Stress an der Schoul?
26.10.2010De SPOS organiséiert en Informatiounsowend zum Thema: "Zevill Stress an der Schoul?". Duerch den Owend féiert den Docter a Psychater Patrice Huerre. Daat ganzt fënnt Méindes, den 22. November am Kolléisch statt. Avis aux Amateurs.
Schoulhaff Krautem 2. Phase
01.10.2010Et geet weider......
Esou wéi versprach, ass no dem Ofschléissen vun der éischter Phase direkt och erem mat der zweeter Phase ugefange ginn. Lues awer secher kann een sech virstellen, waat esou nach alles am Haff opgericht wäert ginn. E flott Plakat weis zwar waat een an Zukunft eng kéier am krautemer Schoulhaff vun Attraktioune fanne kann, mee wann et bis a Wierklechkeet do steet ass et awer emmer erem eppes anescht.
Mir freeën eis op all Dag, wou mir gesinn, dass de Schoulhaff wirklech verschéinert gëtt. Puhh, no langem waarden geet et entlech esou richteg weider.
2. Deel vum Schoulbuet
24.09.2010Nodeems de Schoulbuet dëst Joer aussergewéinlech fréi eraus komm war, daat fir den Elteren schonn an der Vakanz en Iwwerbléck ze ginn, waat fir eng Equipe Pédagogique sech dëst Joer em hiert Kand këmmere wäert. Desweideren konnt een an dësem Buet och schonns déi verschidde Bushorairen erem fannen. Leider war de Buet awer net ganz komplett, et hunn nach verschidde Posten an der Gemeng besaat gi missen.
Elo an dëse Buet, fënnt een dann déi néideg Informatiounen nach, déi am éischte Schoulbuet gefeelt hunn.
Leider ass a kengem vun de Bueten d'Angèle Schiltz ernimmt ginn. Leider! Mee bon, da gëtt eeben op dësem Wee jidderee gewuer, dass mir frou sinn, dass d'Angèle Schiltz dëst Joer och erem am 1. Cycle zu Bierchem aktiv ass. Hat huet och schonns d'läscht Joer bei eis geschafft gehat, a mir si frou, dass et erem bei eis komm ass.
Sorry fir dee klenge Mëssel!
Schoulhaff Phase 1 fäerdeg
20.09.2010Déi éischt Phase vun der Emstrukturéierung vum Schoulhaff ass pünktlech zum Schoulufank opgangen. Hei kënnen sech grouss a kleng Kanner op verschiddene Spiller hiere Glaichgewichtssënn an hier Kloterkënscht trainéieren an hierer Spillloscht fraië Laaf loossen.
Grouss Deeler vum kaale groë Beton hu missen der Wiss a ville klenge Beemercher an Hecken plaatz machen. Eng flott Rutschbahn suergt fir e klengen Adrenalinschub an der Paus.









