News
News
Schoulufank
02.08.2010Léif Kanner, léif Elteren, léif Alleguerten :-)
D'Schoul fängt wéi esou oft schonns, de 15. September erem un. Daat ass op engem Mëttwoch. All Titulairen si wéi ëmmer, den éischten Daag an hiere Klassen an empfänken déi nei an déi manner nei Kanner. Déi Leit, déi Aiden en Classe oder/an eng Tâche als Surnuméraire machen, ginn de ganze Moien sech an hier Klasse virstellen.
Mëttes fänkt de ganz normalen Schoulbetrieb erem un, mat dem "normale" Stonneplang. Da sinn och erem Décharge Stonnen.
Vill Spaass
Wien nach weider Froen huet, ka sech déi Verschidden Informatiounen am Schoulbued ukucken
Moderniséierung vun der Mediathéik / De Filmsall plënnert
15.07.2010Mediathéik
Mat grousser Freed, kënne mir matdeelen, dass eis Mediathéik an der Vakanz méi grouss, méi schéin a méi modern gëtt. Eis aal Mediathéik konnt dem groussen Ustuerm net méi stand haalen, a war just nach Sall, wou verschidde Materialien stockéiert gi sinn. Elo gëtt alles anescht.
Esou kritt all Buch, all Media seng wuelverdéngte Plaatz. Duerch d'Vergréisserung ereeche mir och, dass een sech an der Médiathéik ophaale kann an esou guer a klenge Gruppen do schaffe Kann.
E grousse Merci un de Grupp Mediathéik fir hier fantastesch Aarbecht, der Gemeng, déi eis formidabel ënnerstëtzt an den Gemengenaarbechter, déi alles an der grousser Vakanz erleedegen, fir, dass mir esou séier wéi méiglech erem an de Bicher stöbere kënnen.
Filmsall
Duerch d'Mediatéiksvergréisserung muss de Filmsall plënneren. Den Albert plënnert dann erop an den "aale" Mulitfontionelle Sall". Dee Sall ass dann och ganz nei op seng nei Aarbecht virbereed ginn. Nei Still, déi am Trapeformatioun stinn si bestallt an erméiglechen e ganz neie Feeling beim Filmprojet mam Albert!
Fussball WM zu Réiser
16.06.2010No dem Ufank vun der Fussballweltmeeschterschaft a Südafrika geet e Freiden, den 18. Juni et och lass mat der FussballWM zu Réiser. All d'Klassen aus der Krautemer Schoul huelen un dësem Fussballturnéier deel. Um 8 Auet ginn déi éischt Matcher un! Gespillt gëtt an Alterskategorien. All Equipe spillt mindestens 3 Matcher. Maximum sinn et der 4.
D'Fussballturnéier ass den 3. Deel vum Sportsdag! Mir si scho Schlittschong gefuer, iwwer 1600km gelaaf, an elo gëtt Fussball gespillt.
Wéi ëmmer e grousse un den Organisatiounskomitee!! An de Fussballspiller vill Chance!!
Schoul-Charta E grousse MERCI
14.06.2010D'Schoulcharta hëlt esou lues hier definitif Form un. E grousse MERCi un all d'Kanner déi hieren Deel dozou bäigedroen hunn. Mee och bei den Elteren ass d'Iddi vun der Charta gutt ukomm. Eng ganz Rei Leit hu sech iwwer de Roeserschool.lu oder iwwer Pobeier geäussert a konstuktiv un der Elaboration vun der Charta matgeschafft. Den Aarbechtsgrupp vun der Schoulcharta ass am gaang alles auszewäerten an zesummen ze stellen. Mir freeën eis op d'Endergeebnis!!
Galileo Science Mobil kënnt erem op Réiser
19.04.2010Am Mee kënnt de Galileo-Sciencebus entlech erem op Réiser. 3 laange Joren hu mir misse waarden a freeën eis, dass elo erem eng nei Ausstellung am Science Mobil ass. Waat gëtt do gemach? Op einfach Aart a Weis a fir jidderee verständlech ginn do mat Schoulklassen Experimenter zu aktuelle wëssenschaftlechen an techneschen Theme gemaach. Dëst Joer kënnen eis Kanner sech op folgend Thema freeën: De Sënn vun de Sënner, Kucken, Richen, Schmaachen, Héieren, Taaschten.
Mir fueren an de Verkéiersgaart op Esch
16.04.2010Wéi schonn déi läscht Joren, fueren dëst Joer och erem de Cycle 3.2 sou wéi de Cycle 4 an de Verkéiersgaart op Esch. Do ginn d'Kanner drop virbereed fir mam Velo op der Stross ze fueren an eeben och fir d'Coupe Scolaire virzebereeden, déi den 10 Juni bei eis an der Gemeng statt fënnt. 2 léif Polizisten machen da mat de Kanner e Rappel vun der Theorie (Code de la route). Duerno fueren d'Kanner mat Veloen, déi si do geléint kréien op dem Parcours vum Verkéiersgaart.
D'Schoulkanner vu Réiser laafe sensationell 1 576 km
15.04.2010Beim Run 4 Fun Freides virun der Vakanz, sinn all d'Kanner vu Bierchem a vu Krautem zesummen sensationell 1 576 km gelaaf. All Cycle hat eng Stonn Zait fir op engem Parcours esou vill Kilometer ze laafen wéi méiglech. Trotz Keelt a Reen hunn déi grouss Sportler hiert Bescht ginn a konnten esou e formidabelen Exploit errechen!
Do kann ee just nach gratuléieren! BRAVO!
Och e grousse Merci un de Sportsgrupp, deen daat ganz organiséiert, coordinéiert an flott gestalt hat! Deemno e gelongenen Event! Esou kann een sech schonn op den 3. Deel vum Sportsdaag am 3. Trimester freeën!
Soirée hommage à Jacques Duez
14.04.2010Jacques Duez: L’art d’entrer en dialogue avec les enfants.
BISTRO PEDAGOGIQUE: Jeudi 15.04.2010 au Centre Culturel Edward Steichen à Bivange.
Une soirée hommage organisée par EducDesign et la Commune de Roeser.
Soirée conviviale avec projection documentaire.
Inscription et plus de détails sur www.olefaschool.lu/community
Run for Fun
22.03.2010E Freiden fënnt de 'Run for Fun' statt. Daat as den 2. Deel vun onse Sportdeeg, dee mir fir de 26. Mäerz vun 8h -11.30h
zu Bierchem an zu Crauthem virgesinn hunn. Gelaaf, gëtt zu Biechem an zu Krautem, do op der Spillplaatz.
TSCHÄRITI - GALA
08.11.2009De 14. a 15. November ëm 16 Auer am Sall François Blouet zu Réiser.
Den Erléis ass zu Gonschte vun der Aktioun vum Dr. Richard Schneider am Laos "Aide au développement de la Santé". Déi këmmeren sech ganz speziell em häerzkrank Kanner. Dëse Gala gëtt an Zesummenaarbecht mat KIWANIS organiséiert.









