Zum Haaptinhalt sprangen

News

News



Eischt Viregt Nächst Lescht

Journée de Réflexion

07.05.2004

E Méindeg den 10. Mee invitéiert de Schefferot an Zesummenarbecht mat der Schoulcommissioun all d'Enseignanten wéi Vertrieder vun Eltern op eng Journée de Réflexion mam Thema:

"Dokumentatioun - Evaluatioun - Progressioun"



De ganzen Dag gët am Centre Culturel iwwer dëst wichtegt Thema zesummen diskutéiert. Den Romain Martin, Psychologue op der Uni Lëtzebuerg an den Charles Max, Inspekter, sin responsabel fir d'Moderatioun.
Em d'Organisatioun huet sech en Groupe de Travail bekëmmert.
D'Kanner freen sech bestëmmt besonnesch op dësen Dag, si brauchen nämlech nët an d'Schoul ze kommen.



Aktuelles op eisem Site

02.04.2004

An deenen leschten Méint waren eis Schüler erem ganz aktiv. Niewend enger ganzer Reih Bicherbewertungen op eisen Mediathéikssäiten (insgesamt goufen elo iwer 80 Bicher vun eisen Schüler kommentéiert a bewert) an e puer interessanten Einträg an eisem Kannerforum, goufen virun allem bei den Wiki #!*Projeten e puer ganz interessant Aarbechten vun den Schüler / #!*Klassen publizéiert:

TeamTeaching 5

- D'Kanner präsentéieren hir Lieblingsbicher an hir däitsch a franzéisch Geschichten, déi si geschriwen hunn (z.B. iwert den Wollef Scoubidou).

- Ausserdeem ginn et Fotogallerien zu den Ausflig (Drauwelies, Festival des Sciences...) an Aktivitéiten (Bastelen, Schlittfueren, Tauchen...)
4. Schouljoer (Di Tullo)

- Wann die schonn ëmmer méi iwert d'Kannerrechter wëssen wollt, da kuckt iech emol de Kanner hir flott Zeechnungen zu dësem Thema un.

- Oder hutt dir iech scho mol gefrot, firwart d'Dinosaurier ausgestuewen sinn?

- An engem #!*Filmprojet beim Albert Petesch hunn d'Kanner sech mam Film Die geheimnisvolle Minusch beschäftegt.
Schoul vu Bierchem

- Weess du schon, wat's du spéider emol maachen wëlls? Déi Fro hunn d'Kanner vu Bierchem sech och gestallt, a sech mat verschiddenen Beruffer beschäftegt. Hei get et Texter, Zeechnungen, Interviews a Fotoen vun eisen Visiten an der Aarbechtswelt.

- D'Kanner aus dem éischten Schouljoer präsentéieren Texter, déi si zu verschiddenen Billergeschichten geschriwen hunn (vum Globi an och vum Herr Jakob).
Alternative Games

- Waat ass unn der Schoul besonneg flott? Genau: d'Pausen natierlech! A fir d'Pausen nach méi ofwiesslungsräich ze gestalten, hunn d'Kanner aus den 5. a 6. Schouljoeren an desem klasseniwergréifenden Wiki Projet eng Sammlung mat alternativen Spiller ugefaangen. Des Spiller goufen zum Deel vun de Kanner erfond, zum Deel och einfach just gesammelt. Natierlech kënnen a sollen se och an der Praxis ausprobéiert ginn. Des Sammlung kann zu jidfer Zäitpunkt vervollständegt ginn.




Schoulsportsdeeg zu Réiser

24.03.2004


Den Donneschten den 1. Abrëll an den Freiden den 2. Abrëll kënnen d'Kanner aus der Réiser Gemeng sech an deenen verschiddensten Sportarten probéieren.
Och dëst Joër sin erëm Sportarten derbai, déi een leider nët an der Schoul am normalen Schoulsport ubidden kann. Tauchen, Bouschéissen, VTT, Judo,... sin bei den Kanner dann dofir och enorm beléift!

E groussen MERCI un all déi Leit déi hëllefen fir, dass des Sportsdeeg en vollen Erfollëg sollen gin!





Internationalen Pädagogeschen an Psychologeschen Colloque

20.03.2004

Desen Donnegdesch a Freideg hat den Ministère de l'Education Nationale op een Colloque (1re rencontre internationale pédagogie et psychologie - "Hyperactivité": penser la complexité) zu Mondorf les Bains invitéiert.

Ënner anerem hunn och Enseignanten aus der Réiser Gemeng un där Veranstaltung deelgeholl.

Weider Informatiounen an den genauen Ordre du Jour ginn et op der offizieller Säit.



Buergbrennnen

02.03.2004


Och dëst Joër woren nees vill vun eise Schoulkanner dobäi, wéi den 29. Februar d'Buergen am Réiserbann verbrannt goufen. Nom Fakelzuch goufen zu Peppéng a Béiweng op de Koppen di zwee Kräizer aus Holz an Stréih ugefaangen, fir den kalen an däischteren Wanter ze verdreiwen.

Duerno hun d'Pompjeen an d'Scouten op en gemittlichen Pättchen mat engem gouden Maufel invitéiert.

Elo brauchen mär just nach ze hoffen, dass de Wanter de Message och verstanen huet an dem Fréijoër Plaz mécht ....



Heeschentour / Jeudi Gras

12.02.2004

Den 19. Februar as ët nees esou wäit, da kommen d'Schoulkanner mëttes tëscht 2 a 4 bei Ierch heem schellen fir Saachen ze sammelen, déi Dir nët méi braucht, déi awer nach flott sin a fonktionnéieren.

Mat dësen Objeten organiséieren mir um Schoulfest am Summer eng flott Tombola oder en Floumaart.

Den Erléis vun dëser Aktioun geet un d'asbl Colonie de Vacances.

Nom Heeschentour kréien d'Kanner zu Crauthem an der Schoul nach Schocklasmëllech an Fueskichelcher.



Wantersportgebiet Réiser

30.01.2004



De Schnéi huet Réiser kuerzfristeg an en Wantersportgebiet verwandelt! Dank dem Guy (dem coolsten Busschofer deen et gët) an der logistescher Ennerstetzung vun der Gemeng Réiser, konnten iwert 150 Kanner (!!!) aus den Réiserschoulen (Bierchem an Crauthem) deser Deeg sech fillen wéi wann se an der Schlittvakanz wieren.

>>> Fotoen vum Schlittfestival




Kanner bewerten Bicher

13.01.2004

Op den Internetsäiten vun eiser Mediathéik kann een sech elo all d'Artikelen uweisen loossen, zu deenen Schüler schon een Kommentar geschriwen hunn. Kuck dir se emol un, do entdecks du bestëmmt e puer flott Bicher, déi's du och léinen wëlls.

A vergiess net, dengen Kollegen och deng Lieblingsbicher ze empfehlen! Schreif eis een Kommentar!

Link: Artikelen matt Bewertung a Kommentar




Invitatioun: Krëschtmaart

13.12.2003

E Mëttwoch, den 17. Dezember invitéieren d'Schüler an d'Léierpersonal aus der Réiser Gemeng ab 15 Auer op hiren traditionellen Krëschtmaart an der Crauthemer Schoul. Op den Bastelstänn kënnt dir flott Krëschdag-Artikelen kafen. Awer och fir ärt kulinarescht Wuelbefannen ass gesuecht: Et gët Schocki, Glühwäin, Panescher, Kuch, Gromperkichelcher, Käschten a Raclette!

Organisatioun: Colonies de Vacances Réiserbann ASBL



Informationsbrochüre über Medien in der Schule

08.12.2003

Die Gemeinde Roeser hat Innovationsbemühungen in ihrer Schule stets versucht optimal zu unterstützen und auch zu begründen. Besonders im Bereich Medien hat sie so manches vorzuweisen.
Um die Bürger, allen voran die Eltern der Schulkinder, über die Möglichkeiten zu informieren welche die Roeser Schule im Bereich Medien zu bieten hat, hat die Gemeinde eine Brochure zu diesem Thema herausgegeben, welche am 26.11. in der Crauthemer Schule vorgestellt wurde.
Die Publikation ist sowohl in Deutsch als auch in Französisch verfasst und auch online im Bereich 'Philosophie' verfügbar. Leitthemen sind zum Beispiel 'Schule und Gesellschaft', 'Sprache und Medien', 'die Mediathek als Lernzentrum', 'das Internet', 'die Website der Roeser Schule' und 'Schulkino'.



Eischt Viregt Nächst Lescht