Zum Haaptinhalt sprangen

News

News



Éischt Zeréck Nächst Lescht

Schoulsportsdeeg zu Réiser

24.03.2004


Den Donneschten den 1. Abrëll an den Freiden den 2. Abrëll kënnen d'Kanner aus der Réiser Gemeng sech an deenen verschiddensten Sportarten probéieren.
Och dëst Joër sin erëm Sportarten derbai, déi een leider nët an der Schoul am normalen Schoulsport ubidden kann. Tauchen, Bouschéissen, VTT, Judo,... sin bei den Kanner dann dofir och enorm beléift!

E groussen MERCI un all déi Leit déi hëllefen fir, dass des Sportsdeeg en vollen Erfollëg sollen gin!





Internationalen Pädagogeschen an Psychologeschen Colloque

20.03.2004

Desen Donnegdesch a Freideg hat den Ministère de l'Education Nationale op een Colloque (1re rencontre internationale pédagogie et psychologie - "Hyperactivité": penser la complexité) zu Mondorf les Bains invitéiert.

Ënner anerem hunn och Enseignanten aus der Réiser Gemeng un där Veranstaltung deelgeholl.

Weider Informatiounen an den genauen Ordre du Jour ginn et op der offizieller Säit.



Buergbrennnen

02.03.2004


Och dëst Joër woren nees vill vun eise Schoulkanner dobäi, wéi den 29. Februar d'Buergen am Réiserbann verbrannt goufen. Nom Fakelzuch goufen zu Peppéng a Béiweng op de Koppen di zwee Kräizer aus Holz an Stréih ugefaangen, fir den kalen an däischteren Wanter ze verdreiwen.

Duerno hun d'Pompjeen an d'Scouten op en gemittlichen Pättchen mat engem gouden Maufel invitéiert.

Elo brauchen mär just nach ze hoffen, dass de Wanter de Message och verstanen huet an dem Fréijoër Plaz mécht ....



Heeschentour / Jeudi Gras

12.02.2004

Den 19. Februar as ët nees esou wäit, da kommen d'Schoulkanner mëttes tëscht 2 a 4 bei Ierch heem schellen fir Saachen ze sammelen, déi Dir nët méi braucht, déi awer nach flott sin a fonktionnéieren.

Mat dësen Objeten organiséieren mir um Schoulfest am Summer eng flott Tombola oder en Floumaart.

Den Erléis vun dëser Aktioun geet un d'asbl Colonie de Vacances.

Nom Heeschentour kréien d'Kanner zu Crauthem an der Schoul nach Schocklasmëllech an Fueskichelcher.



Wantersportgebiet Réiser

30.01.2004



De Schnéi huet Réiser kuerzfristeg an en Wantersportgebiet verwandelt! Dank dem Guy (dem coolsten Busschofer deen et gët) an der logistescher Ennerstetzung vun der Gemeng Réiser, konnten iwert 150 Kanner (!!!) aus den Réiserschoulen (Bierchem an Crauthem) deser Deeg sech fillen wéi wann se an der Schlittvakanz wieren.

>>> Fotoen vum Schlittfestival




Kanner bewerten Bicher

13.01.2004

Op den Internetsäiten vun eiser Mediathéik kann een sech elo all d'Artikelen uweisen loossen, zu deenen Schüler schon een Kommentar geschriwen hunn. Kuck dir se emol un, do entdecks du bestëmmt e puer flott Bicher, déi's du och léinen wëlls.

A vergiess net, dengen Kollegen och deng Lieblingsbicher ze empfehlen! Schreif eis een Kommentar!

Link: Artikelen matt Bewertung a Kommentar




Invitatioun: Krëschtmaart

13.12.2003

E Mëttwoch, den 17. Dezember invitéieren d'Schüler an d'Léierpersonal aus der Réiser Gemeng ab 15 Auer op hiren traditionellen Krëschtmaart an der Crauthemer Schoul. Op den Bastelstänn kënnt dir flott Krëschdag-Artikelen kafen. Awer och fir ärt kulinarescht Wuelbefannen ass gesuecht: Et gët Schocki, Glühwäin, Panescher, Kuch, Gromperkichelcher, Käschten a Raclette!

Organisatioun: Colonies de Vacances Réiserbann ASBL



Informationsbrochüre über Medien in der Schule

08.12.2003

Die Gemeinde Roeser hat Innovationsbemühungen in ihrer Schule stets versucht optimal zu unterstützen und auch zu begründen. Besonders im Bereich Medien hat sie so manches vorzuweisen.
Um die Bürger, allen voran die Eltern der Schulkinder, über die Möglichkeiten zu informieren welche die Roeser Schule im Bereich Medien zu bieten hat, hat die Gemeinde eine Brochure zu diesem Thema herausgegeben, welche am 26.11. in der Crauthemer Schule vorgestellt wurde.
Die Publikation ist sowohl in Deutsch als auch in Französisch verfasst und auch online im Bereich 'Philosophie' verfügbar. Leitthemen sind zum Beispiel 'Schule und Gesellschaft', 'Sprache und Medien', 'die Mediathek als Lernzentrum', 'das Internet', 'die Website der Roeser Schule' und 'Schulkino'.



de Kleeschen wor do !

04.12.2003

Wéi all Joër as och dëst Joër erëm den 6. Dezember deen Dag, wou den Kanner hieren Wonsch vläit an Erfëllung geet. A ville Klassen gët fläisseg gebastelt, gemoolt, geschriwwen an gesongen an am Mëttelpunkt steet iwwerall den Mann mam laangen, rouden Mantel an wäissen Bart, de Kleeschen begleed vum Housécker.

Och an eis Schoulen koum den Kleeschen op Besuch fir deene brave Kanner an deene nach vill méi braven Léierinnen an Schoulmeeschteren eng kleng Tiitchen, en Boxemännchen an eng Mandarin ze schenken.

Ma deen een oder aneren krut vum Housécker eng laang Rutt. Hoffentlech schécken déi sech d'nächst Joër besser.

An dat nächsten Fest steet och schons virun der Dir: Krëschtdag. D'Schoulkanner invitéieren en Mëttwoch den 17. Dezember an d'Crauthemer Schoul op den traditionellen "Krëschtmaart", ufank um 15 Auer.




Concert éducatif

20.11.2003


Leschten Mëttwoch, den 19. November woren verschidden Klassen (1. & 2. Schouljoer) aus eiser Gemeng op Rodange en Concert éducatif lauschteren. Den SCRIPT an den Centre Verdi aus der Stad hun op dëse Concert invitéiert, fir dat neit Muséksbuch "Klangmännchen" virzestellen.
D'Kanner konnten matklappen, schnippen, sangen, stampfen, ... an ët wor absolut net langweileg. Di 3 virtuos Muséker vun der Brigade d'Intervention Musicale (Luss, Änder an Sergio) hun bewissen, dass si nët nëmmen hir Instrumenter perfekt beherrschen, mee dass si och talentéiert Entertainer sin, déi d'Kanner an di Erwuessen fir d'Musék ze begeeschteren wëssen.
Den Henri Junck huet duerch den Programme geleed an d'Kanner op di verschidden Aspekter vun der Musék (Melodie, Dynamik, Klangfaarw, asw) opmierksam gemaach.
Um Programme stoungen vill bekannten Lidder aus allen musikaleschen Genren.



Éischt Zeréck Nächst Lescht